Ëppes fir d´Butzen

(Dëse Podcast konnt opgrond von techneschen Probleemer leider nëmmen a schrëftlecher Form veröffentlecht gin.)

Salut, hei ass d´Anne vu BEE SECURE.

Wou ech 3 Joer al war, do war et nach net mol gewéinlech, dass all Stot e Computer huet. An der Läscht hunn awer souguer nach vu Kollegen héieren, dass eng Butz um Schouss haten, deen, wou se d´Zeitung virun sech gehalen hunn, versicht huet déi nächst Säit esou wéi um Ipad eriwwer sliden ze loossen mat den Fangerspëtzen. D´Zwerge sinn also méi digital Natives wéi jeemools virdrun. An dofir musse mir op Zack sinn. An si sënnvoll begleeden. Mir ginn dobäi awer net alleng gelooss.

Bildschirmfoto 2014-06-24 um 11.40.28

Dës sympathesch jonk Stëmme begleeden iech an hëllefe virun allem klenge Butzen, déi de Wee op bee.lu fannen. De Fait nach net liesen ze kënnen, heescht jo kengeswees, dass een sech net schonn um Computer austoben wëll an genee dofir ginn di jëngst User ënner eis vun dëse Stëmmen ënnerstëtzt, déi hinnen dat virliesen, op deem sech hir Maus grad befënnt. Bee.lu as extra fir kleng User ab 3 Joer geschafe ginn, déi trotz hirem ganz jonken Alter scho fréi mat neie Medien a Beréierung kommen an dohier déi richteg Ënnerstëtzung erfuere sollen. Nieft den Eltren oder grousse Geschwëster, déi déi Kleng beim Surfe begleede sollten, kommen op dëser Sait zum Beispill och nach de kleng Beiebouw Bibi, d´Spann Webby an awer och den béise Keefer Trolli dobai. Si huelen déi Kleng bei der Hand an bereeden hinnen sou unhand vu Geschichten an flotte Bastelideen de Online-Pad, deen si lues an lues mat der néideger Virsiicht alleng solle goen duerno.

Vill kleng User hunn grouss Freed um Skypen an Chatte mat den Grousselteren an aneren Familljememberen. Mëttlerweil ginn et awer och scho sozial Netzwierker fir mannerjäreg User, bei deenen zwar vill Secherheetsvirkéierungen getraff ginn, fir dass déi kleng och ënnert sech bleiwe kënnen, mä dat bedeit leider awer net, dass sech net awer och User eraschléischen déi näischt do verluer hunn. Grad ass et wichteg, deene klenge kloer ze maachen, dass dëse Kommunikatiounswee zwar Spaß mécht a praktesch ass, mä si awer nach laang net alles gleewe sollen, wat deenen aanren, friemen op där anerer Säit engem zielt. Vill méi bildlech gëtt sou eng Problematik, wann een hinnen se an hire Wieder méi no bréngt, an eben hei kommen de Bibi an seng Frënn mat an d´Spill. Dës kleng virtuell Butze ginn en plus vom Heesprenger Professer Dr.Mantis begleed, hien ass Schoulmeeschter an steet deene Klengen och ëmmer zur Säit wann si eng Fro hunn.

Mee net nëmmen déi Kleng ginn net alleng gelooss. Och d´Begleetpersoune kënnen sech an enger Extra-Sektioun nach Tipps duerchliesen. Fir dass och si um Courant bleiwen, well d´Geforen am Internet jo och net ëmmer déi selwecht sinn, mä sech leider deels vun Dag zu Dag veränneren, ass et natierlech sënnvoll och bee-secure.lu am Bléck ze halen.

Posted in Uncategorized | Comments Off

Produktiv Langweil

Salut, hei ass d´Anne vu BEE SECURE.

Mir all kennen se. Et gëtt se schonn sou laang wei et Mënsche gëtt. Jiddereen ass hier schonn iergendwann begéint. Et gi Leit, déi verbrénge souvill Zäit mat hier, dass een menge kéint, si wäre matenee bestued. Anerer kënnen se eigentlech net leiden an versichen ëmmer rëm, se sou schnell wei méiglech lass ze ginn. Et geet ëm d´Langweil.

Anscheinend ass se guer net sou negativ unzegesinn, wei der vilaischt unhuelt. Souguer de Goethe sot schonn: Langeweile ist ein böses Kraut, aber auch eine Würze, die viel verdaut. Et ass also guer net sou schlecht, mol heiansdo bësse Raum ze loosse fir dass déi eege Kreativitéit zum Asaz komme kann. Dëst ass guer net sou onwiesentlech, wann et ëm d´Summervakanz geet. Jiddereen, mä virun allem d´Schüler, hunn vill Fräizäit an ebe grad wann engem sou eng Hellewull un Stonnen zur Verfügung stinn, ass et net wierklech erfëllend, wann ee se alleng virun engem Ecran verbréngt. Hei kënnt de Begrëff vum iwerconnectéiert-Sinn mat an d´Spill. Et erlieft een online zwar vill an et kommunizéiert een enorm vill mat anere Leit, mä et bleift keng Plaz fir e bësse Rou, e bësse gesond Elleng-Sin an virun allem ass keng Plaz méi do fir nei Ideeën.

Psychologe confirméieren, dass e gewëssent Moos u Langweil wichteg ass, fir déi psychesch Entwécklung. D´Summerzäit ass also de richtege Moment, fir bësse méi Fräiraum ze séinen an ze fleegen. Dat klengt dach no enger interessanter Aufgab oder net? Der Auftrag lautet: Schaaf Raum fir Näischt! Dat heescht, dass et offline Momenter anzeplangen gëllt an deenen een sech einfach mol der Rou an sech selwer higët.

Et ass kengeswees verbueden, no dëser Auszäit rëm online ze goen, et as d´Balance tëscht béiden déi zielt.

Dir kënnt souguer dat, wat aus der Langweil entstanen ass, an wat der vläit iergendwéi op Kamera oder ähnlech festgehalen hutt, dono mat äre Frënn online deelen. D´Sait InternetSansCrainte.fr lued säi Public souguer dozou an, hinne Feedback zu den Offline-Erfahrungen ze ginn. En plus sinn mir all Gewunneschtsdéiren, déi wann se online sinn, nawell dacks op deene selwechte Welle surfen. Wien sech awer mol bësse Rou gëtt, dee gëtt sech bewosst, dass d´Mier un Informatiounen nawell nach vill aner Wellen op Lager huet, déi mer vilaischt mol reide kéinten.

3369978748_bbcdd4359a_b

(CC BY 2.0 by Christian Haugen)

Mir ass dat an der Läscht emol geschitt, wei ech mer eng Stëndchen an menger Hängematt geleescht hunn. Ech hunn e puer Leit nogekuckt, déi duerch de Bësch viru menger Dir getrëppelt sinn. Dunn ass mer bemol agefall, dass et Zäit gëtt mol rëm eng Kéier en Baamhaus ze bauen. Ech hunn ugefaangen e Plang auszetüfftelen an hunn no enger Zäitchen nach puer Tipps gebraucht, déi hunn ech mer dunn no menger Paus am Internet gesicht an sinn op vill flott Site gestouss, déi verréckte Baamheiser aus aller Welt weisen. Wéi der iech denke kënnt ass mer lo alles anescht wéi langweileg, mä ech sinn frou, dass ech mer meng Auszäit gegonnt hunn.

Wat een nach alles Flottes mat senger Offline-Zait ufänke kann, wann dir bei beesecure.lu bei der Campagnë mam passende Numm BEE BALANCED.

Play
Posted in Uncategorized | Comments Off

Sëcherheetslück bei Ebay

Salut, hei ass d´Anne vu BEE SECURE.

Deen een oder aneren ënnert iech huet sécherlech schonn eng Kéier eppes op Ebay gesteet oder selwer verkaf, well dat weltwäit gréisst Online-Auktiounshaus gëtt an 38 Länner op der Welt vu méi wéi 80 000 000 User benotzt. Doraus ergëtt sech vu selwen, dass e ganze Koup perséinlech Donnéeën op där Plattform zesummekommen, déi fir Cyberkrimineller interessant kënne sinn. Dat huet leider den kierzlech detektéierten Hack vun Ebay gewisen. Heibäi sollen opmannst 145 Milliounen Datesätz gestuel gi sinn. An domat ass et leider net gedoen.

Ebay an vill méi nach seng User gi scheinbar net verschount. Et huet zwar kee weidere Massen-Hack stattfonnt, mä dofir ginn et awer sougenannte Cross-Site-Scripting-Lücken, déi eng Rëtsch Riske mat sech bréngen. Dës Lücke bezeechent een oft och als XSS an se gehéieren zu deenen heefegste Sécherheetsproblemer bei Webapplikatiounen. Beim Cross-Site-Scripting hëlt eng Webapplikatioun Donnéeë vu engem User un an schéckt se weider un e Browser ouni awer hire Contenu ze iwwerpréiwen. Doduerch gëtt et méiglech Skripter un den Browser vun den User ze schécken an e Schuedcode op der Säit vun him auszeféieren. Et kënnen also manipuléiert Donnéen un User geschéckt ginn, wann den Serverskript dat net verhënnert.

Eng vun den Ugrëffsformen ass beispillsweis d´Phishing, wat ville vun iech vläit méi e Begrëff ass an dat och e gutt Stéck méi einfach ze verstoen ass. Heibäi fannt dir eng fingéiert Säit, déi där, op déi dir eigentlech wollt, enorm gläicht, an dofir gitt dir dann är Donnéeën an, well der mengt dir géingt iech op der richteger Säit befannen. Dofir as et wichteg ëmmer ze kucken, op d´Url korrekt as. Soumat kënnen déi déi d´Säit fingéiert hunn un är Donnéeë gelaangen ouni dass dir et matkritt.

Bei Ebay féiert dës Lück dozou, dass Ugräifer friem Accounts iwwerhuele kënnen. Wann et engem Ugräifer geléngt e User op eng präparéiert Säit ze lackelen, dann ass et him an der Folg méiglech Auktioune mam Account vum User duerchzeféieren. De Moment ass et also och kee Problem méi de ganzen Account ze iwwerhuelen an soumat kann den Ugräifer dann natierlech och Akeef op Käschte vum User maachen. Nach méi problematesch ass de Fait, dass d´Firma wuel schon virun 2 Méint iwwer d´Lück informéiert gouf.

E Wee fir sech virun sou Lücken ze schützen ass eng bestëmmten Technik, déi sech Content Security Policy nennt. Dobäi gëtt an engem Http-Header dem Browser matgedeelt aus wei enge Quelle JavaScript Codes geluede ginn däerf. Dës Technik gëtt leider nach net vu allen Browser ënnerstëtzt an et ginn och nëmme wéineg Websäiten déi dës Méiglechkeet asetzen.

Wéi dir iech selwer géint sou een Cross-Site-Scripting wiere kënnt, kënnt dir op der Podcast-Säit vu BEE SECURE noliesen.

Hei weider Links zum Thema an wéi een sech am beschten wieren kann:

http://www.cms-sicherheit.de/php-sicherheitsprobleme/cross-site-scripting.html

http://www.golem.de/news/content-security-policy-schutz-vor-cross-site-scripting-1306-99795.html

http://www.pcwelt.de/ratgeber/Was-hilft-gegen-XSS-Attacken-Internet-Sicherheit-298284.html

http://www.mindshape.de/blog/allgemein/php-so-schutzen-sie-sich-vor-cross-site-scripting-xss-teil-1.html

Play
Posted in Uncategorized | Comments Off

Zu Risiken und Nebenwirkungen…

Salut, hei ass d´Anne vu BEE SECURE,

ech weess net wéi et mat iech ass, mä mir kribbelt et schonn ëmmer bëssen an den Fangeren an an den Féiss wann ech laanscht eng Spillplaz ginn hautdesdaags. D´Freed dorun op Rutschbahnen, Schaukelen oder zum Beispill Wippen ronderëm ze turnen, déi vergeet mengen ech net, och wann een méi al gëtt. Grad wat d´Wippen ubelaangt, kann een déi awer net nëmmen op der Spillplaz mee eben och am Kapp benotzen. Virun allem wann et drëm geet dat richteg Moos ze halen. Wéi der wësst, steet bei der desjähreger Campagne vu BEE SECURE alles ënnert dem Slogan „Bee balanced“ an dee bezitt sech dorop, dass een e gutt Gläichgewiicht tëscht der Zäit, déi een online an eben offline verbréngt, soll hunn. Dofir stelle mer eis einfach lo mol gemeinsam fir, mir géifen eis eis selwer géigeniwwer op der Wipp sëtzen an da kucke mer wou d´Wipp sech apeegelt.

Glécklecherweis musse mir net ëmmer alleng op d´Wipp klammen. Et gi vill Leit déi eis dobäi hëllefen, déi eng oder aner Kéier mol eis Hand halen an eis och Rotschléi kënne ginn. Ebe fir dës Leit, dat heescht ënnert anerem Wëssenschaftler, Therapeuten, Educateuren an och Journalisten huet BEE SECURE den 8. an den 9. Mee eng Konferenz organiséiert déi den Titel „Youth on the net: Find your balance“ gedroen huet.

Fir all déi, déi leider net dobäi konnte sinn, hunn ech puer wäertvoll Informatiounen erausgepickt, vun deenen der profitéiere kënnt. Konzentréiere wäert ech mech op een vu ville Virtreeg, déi dir iech och op der Säit vu BEE SECURE kënnt eroflueden.

Ënnert anerem d´Madame Tsitsika, e Professer vun der University of Athens huet e Virtrag iwwer d´Risiken, déi d´Internet fir Jonker an Europa bierge kann, gehalen. Als Expert an der Kanner- an Jugend Medezin, huet hien d´Problematik aus der Perspektiv vun der Entwécklung vun den Jonke betruecht an ufanks nach eng Kéier dorop opmierksam gemat, dass grad Kanner an Jonker sech bis zu engem gewëssen Alter an enger Phase vum Fuerwarz, der Experimentéierfreudegkeet befannen, an et hinne grad dee Moment awer och un der néideger Objektivitéit feelt. Him zufolgen kann een dobäi och vun enger Fixéierung op d´Géigewaart schwätzen, wat bedeit, dass beim Handelen online dacks d´Implikatiounen an virun allem eventuell spéider Konsequenzen net beduecht ginn. Et ginn also Risike geholl, déi een eigentlech net aschätze kann.

Bildschirmfoto 2014-05-20 um 12.33.15

An engem weidere Schrëtt huet ass hien dann och op d´Entwécklung vu de Gesellschaften agaangen, an deenen d´Kanner grouss ginn an huet domat op weider Schwieregkeeten opmierksam gemat, déi natierlech hire jeeweilegen Afloss op si hunn. An dësem Kontext zielt hien zum Beispill den Drock op deen duerch d´Medien entstoe kann, mä eben och d´eventuell Aarbechtslosegkeet vun den Elteren, déi eben sou wéi d´iwwerméissegt Protegéieren vun den eegene Kanner zu Probleemer ka féieren. E weidere wichtege Punkt ass den sougenannte Generation Gap, bei deem déi Jonk oft als Technologie Experten hiren Eltere mat engem éischter reduzéierten technesche Wësse géigeniwer stinn.

De Virdeel bei deene Saachen, déi hei opgezielt ginn, ass deen, dass se ze iwerwannen sinn. Et muss een se just erkennen, ier een se richteg upaken kann. Virun allem däerf een net panikéieren, soubal een sech bewosst gëtt, dass Risike bestinn, e wichtegen Deel vum Begleede vu Kanner an der Onlinewelt besteet nämlech virun allem doran, hinne bäizebrénge mat eben dëse Risiken emzegoen.

Wat d´Madame Tsitsika den Gäscht vun der Konferenz nach fir Rotschléi mat op de Wee ginn huet, an wéi déi aner Virtreeg ausgesinn hunn, fannt dir op bee-secure.lu eraus.

Play
Posted in Uncategorized | Comments Off

D´Barrière musse fort!

Salut, hei ass d´Anne vu BEE SECURE.

Wann dir iech eng Internetsäit ukuckt, wat sinn da Saachen, déi iech an d´Ae falen oder iwwer déi der iech eventuell opreege kéint? Mir selwer kënnt et alt mol fir, dass ech mech opreegen, well ech fannen, dass Site net grad logesch strukturéiert sinn an een duerch komesch Verknëppungen oft duerch en grousst Labyrinth muss, ier een dann do ukënnt wou een eigentlech hi well. An sou Momenter kann een duerchaus vu benotzeronfrendlechen Site schwätzen.

Lo stellt iech awer mol fir, dass eng Persoun op eng Säit kënnt, déi mol net dozou kommen kann, sech iwwert sou eppes opzereegen, well hir, schonn ier se un den Contenu gelaangen kann, ze vill Barrièrë gestallt ginn. Dëst wier beispillsweis de Fall wann eng eeler Persoun sech eng Säit ukucke wëll, bei där dann awer déi gewielte Schrëftgréisst vill ze kleng ass. Eng ähnlech Situatioun hunn mer bei faarweblannen Persounen, déi je no gewielter Faarf, Schwieregkeete kënnen hunn, den Text vum Hannergrond ze ënnerscheeden. Weider Problemer kënnen och opkommen, wann sech eng Persoun just ageschränkt beweege kann an soumat eventuell guer net réischt op eng Link klicke kann, well d´Fläsch op der se dat muss maache vill ze kleng ass.

All dëst sinn kleng oder grouss Barrièren, déi sécher vu villen Internetsäitebesëtzer mol net beofsichtegt sinn, an déi vläit souguer och deejéinegen deen de Site gemat huet, vläit einfach, wéi een seet, „net um Schierm“ hat. Den Zougang zu Informatiounen ass awer essentiell fir all Entscheedungsprozess an virun allem sollt dëst Erlaangen vun Informatiounen net mat enger Ofhängegkeet verbonne sinn. Jiddereen huet d´Recht op eng aktiv Partizipatioun un der Gesellschaft an genee dofir sollt een och de Moyen hunn autonom un Informatiounen ze kommen.

Bildschirmfoto 2014-05-06 um 14.35.00

Dofir huet sech de Familljen an Integratiounsminsitère an Zesummenaarbecht mat Info-Handicap an Kompetenzzentrum für Leichte Sprache (KLARO) vun der APEMH eppes iwwerluecht, fir e Schrëtt Richtung Barrierefraiheet ze goen: Si hu eng Broschüre zum Thema „Barrierefrai Kommunikatioun“ erausbruecht. Hei geet et dann och e ganzt Modul wat sech mat Barrierefraiheet am Internet ausernaanersetzt. BEE SECURE ënnerstëtzt dës Iddi an recommandéiert allen Entwéckler mol e Bléck op dat benannten Kapitel ze werfen.

An dësem Modul gëtt et dann ënner anerem en Kapitel, dat iech barrierefrai Hard- an Software presentéiert. Et gëtt zum Beispill Bildschirmliesprogrammer, déi et Leit mat ageschränkter Siicht erliichtere sollen, Texter ze liesen. Dës weidere gëtt beispillsweis och an der Broschüre erklärt, wéi een en Alternativtext zu engem vläit ze komplizéierten Text konzipéiere kann. Ausserdeem gëtt och d´ Web Accessibility Initiative virgestallt, déi 1997 gegrënnt gouf an sech säit jeehier dofir asetzt, dass allen Mënschen en barrierefraien Zougang zum Internet erméiglecht gëtt. Si hunn e ganze Koup Standarden entwéckelt, déi et den Entwéckler vun Internetsaiten erméiglechen hire Site barrierefrai ze gestalten.

D´Broschüre kann een beim Familienministère bestellen oder sech se och am um Site vum Ministère eroflueden. De Link fannt dir op der Podcastsäit vu BEE SECURE.

Play
Posted in Uncategorized | Comments Off

Ran an die Tasten!

Salut, hei ass d´Anne vu BEE SECURE.

Haut geet et am Podcast ëm en Bijou. Oder soe mer esou: et geet ëm eppes dat een brauch, fir Bijouen hierzestellen. Dir kennt sécherlech dat eent oder anert wäertvollt Mineral dat beispillsweis e Rank zieren kann. Den Diamant ass wuel een vun den bekannteste Mineralien, mä e weidert Mineral ass och fille Leit e Begrëff: nämlech de roude Rubin. Genee dorëms soll et haut goen, well dem Rubin säin engleschen Zwillingsbrudder, nämlech de Ruby, kann een och verwenne fir Bijouen ze maachen. An dësem Fall handelt et sech zwar net ëm en Mineral, mä eng Programméiersprooch mat der een wäertvoll an flott Programmer schreiwe kann. An wéi der wësst huet BEE SECURE sou Bijouen besonnesch gaer.

Ruby ass eng fräi Programméiersprooch, där hir éischt Versioun 1995 erauskoum. Saitdeem gouf se ëmmer rëm verfäinert an ass och ganz beléift bei Evenementer wou een Ufänger d´Programméiere wëllt bäibréngen. Genee sou wéi bei Kryptoparties, soll och hei de Gäscht vum Evenement d´Schei virun der Onmass un Zuelen an Zeeche geholl ginn. No dësem Motto funktionéieren och déi sougenannte Rails girls Events. Dës sinn 2010 fir d´éischte Kéier zu Helsinki an d´Liewe geruff ginn an hunn d´Ziel Meedercher an Fraen d´Méiglechkeet ze gi, mol eng Kéier an d´Welt vum Programméieren eranzeschnuppren. No 1,5 Dag soll mat der Ënnerstëtzung vu fräiwëllegen Experten an Coaches eng Web-Applikatioun geschafe ginn.

Hei kënnt den Zousaz „On Rails“ mat an d´Spill, well de David Heinemeier Hansson mat der Programméiersprooch Ruby en Web-Applikatiouns-Framework geschriwwen huet deem seng Quellen oppe sinn. Ech hat iech jo virdru schonn erzielt, dass et sech bei Ruby eng fräi, quelloffen Software handelt. Dat bedeit am Endeffekt, dass aner User an ebe virun allem Entwéckler d´Software weiderentwéckele kënnen, amplaz dass een d´Quelle fir sech hält an sou en absolut stateschen Zoustand vun der Software ervir rifft. Hei ginn also Kompetenzen zesummegedroen amplaz dass jiddereen an sengem Eck wurschtelt.

women computer

(CC-BY 2.0 by Mike Licht via flickr.com)

Mir hunn déi grouss Chance, dass elo och esou een Rails Girls Event zu Lëtzebuerg an der Impactory organiséiert gëtt. Nieft der Iddi, den Dammen eng gewësse Schei virun der Saach ze huelen, spillt hei natierlech och de Fait, dass Fraen am IT Beräich nach net wierklech staark vertruede sinn eng Roll. Der Europäescher Kommissioun zufolgen solle bis 2015 ongeféier 1 Millioun Aarbechtsplazen an dësem Beräich geschafe ginn an Europa. Och zu Lëtzebuerg ass de Beräich als solches zwar staark vertrueden, mä et ginn nëmme wéineg Fraen, déi mat Programméieren hiert Geld verdéngen.

Vu dass Meedercher an Fraen awer hir Talenter an hir Kreativitéit hei awer genee sou austoben kënne wéi Männer, ass et elo de Moment fir sech nach bis zum 2.Mee um offizielle Site Railsgirls.com/luxembourg unzemellen. Fir matzemaache braucht dir leedeglech e Laptop matzebréngen. Den éischten Owend, also den 16.Februar gëtt genotzt fir sech kennen ze léieren an da kann et den Dag drop direkt mam Programméiere lass goen.

Play
Posted in Uncategorized | Comments Off

Eng richteg Liebesgeschicht?

Salut, hei ass d´Anne vu BEE SECURE.

Haut geet et ëm Haerzschmerz an Keeferen. Mir kennen en all. De Moment, wou een mengt d´Welt géif ënnergoen an et wier näischt méi eppes wärt. Wann dir iech awer lo frot op ech iech eng Libesgeschicht vun zwee Keeferen ziele well, dann ass meng Äntwert “Nee”. Obwuel, sou ganz e bësselche geet et schonn dorëms.

Folgendes: Et ass wéi der vläit schonn héieren hutt, zu enger klenger Romanz tëscht der fräier Software OpenSSL an engem Bug koum.

OpenSSL ass eigentlech en ganze Software-Package deen dofir zoustänneg ass, Verbindungen tëscht User an engem bestëmmten Dengst ze sécheren. An engem méi wäite Sënn bedeit dat, dass OpenSSL sech ëm d´Implementeirung vun Netzprotokoller an Verschlësselunge këmmert. Eng enorm grouss Unzuel vu Site, dat heescht beispillsweis déi vu Banken an E-mailprovideren brauchen an benotzen eben dëse Software-Package.

E Bug as e Programm- oder ebe Softwarefeeler, deen zum Feelverhalen vun engem Programm féiert. Bug bedeit jo och Keefer, deementspriechend kënnt der iech also virstellen, dass e klenge Käfer matten an der Software säin Onwiesen dreift an net sou schnell rëm anzefänken ass. De Problem, deen duerch dëse klenge Keefer entsteet, bréngt mat sech, dass Cyberkrimineller e gutt Stéck méi liicht un eis Donnéeën an Passwierder gelaangen kënnen, well dës lo net méi vollstänneg geschützt sinn.

käfer

(CC-BY 2.0 by Linda Tanner via flickr.com)

Dat heescht OpenSSL an de klenge Käfer hunn lo eng zimlech laang Romanz matenee gehat. Et war souzesoen eng geheim Romanz, well nëmme wéineg Leit dovu wossten. An elo sinn et net si selwer, déi den Haerzschmerz verspieren, mä eben all d´Site déi vum OpenSSL ofhängeg sinn. Hei kéint een also soen: Wenn zwei sich lieben, weint mindestens ein Dritter.

Sécherlech frot dir iech elo, op och dir zu deenen zielt, déi e Grond hunn ze kräischen. Kräische wäert net onbedéngt néideg sinn, mä et ass e gudden an wichtege Moment fir seng Hausaufgabe richteg ze maachen. Vu dass OpenSSL fir eng grouss Rëtsch un Online-Dingschter benotzt gëtt, ass d´Wahrscheinlechkeet grouss, dass opmannst een vun den Déngschter, déi dir benotzt, betraff ass.

Genee dofir sidd dir och net déi eenzeg, déi hir Hausaufgabe maache mussen, well verdéischt mol d´Déngschter selwer en Update vun hirer Software an hire Secherheetszertifikater maache mussen. Grad Banken hunn sech scho staark domat ausernaner gesat an grouss Entreprise wéi Google sinn och scho mat gezunn. Et geet iwwregens en Site op deem der teste kënnt op en spezifesche Site vum Bug betraff ass, de Link wat dir bei eis op der Podcast Säit. Dono kënnt dir dann de nächste Schrëtt goen an är Passwierder änneren.

Play
Posted in Uncategorized | Comments Off

Nun sag´, wie hast du´s mit den Medien?

Salut, hei ass d´Anne vu BEE SECURE.

Hutt dir en Tablet PC an ärem Haushalt? Denkt dir, dass Jongen anescht ausgestatt sinn wéi Meedercher wann et ëm technescht Equipement geet an ass Musek iech méi wichteg wéi Bicher? All dëst sinn Froen, déi dir sécherlech fir iech selwer beäntwere kënnt, mä kënnt dir och aschätze wéi dat bei anere Leit an ärem Alter ausgesäit? Dir huet wahrscheinlech e gewëssene Referenzkader wëll der är Kollegen an Schoulkomerode kënnt beobachte mä sou richteg groussen Iwwerbléck verschaaft dat engem nach net.

Wann et ëm grouss Etude geet, da kommen Institutioune wéi de Medienpädagogische Forschungsverbund Südwest mat an d´Spill. Si hunn am vergaangene Joer déi sougenannte JIM Studie gemaach. Den Acronym „JIM“ steet fir Jugend, Informatioun an Multimedia. Dës Studie beschäftegt sech also mam Ëmgang vun 12- bis 19-Järege mat Medien an Däitschland.

Ech hunn mir dës Etude ugekuckt an e puer Informatiounen erausgekroopt, déi fir interessant halen. Wou ech 12 Joer al war, dat ass lo keng 100 mä awer schonn eng jett Joren hir, do war et schonn eppes Spezielles, wann een een Computer am Haushalt hat. D´JIM-Studie weist awer schonn, dass sech vun 2012 op 2013 d´Zuel vun der Tablets an den eenzelne Stooter bal verduebelt huet. Ausserdeem aus d´Prozentzuel vu Smartphone vun 63 op 81 % gestigen.

Lo wiessele mer de Bléck vun den Stooter direkt bei déi Jugendlech am eenzelnen. Am meeschte verbreet ass bei hinnen den Handy. 96% vun den däitsche Jugendleche besetzen en eegenen. Nach 72 % vu hinne sinn souguer am Besetz vu engem Smartphone. Ech selwer muss bei deenen Zuelen bësse schmunzelen, well ech mat ongefeier 14 Joer en Nokia 3310 hat, eng Wäschmaschine, déi haut vill vun iech sécherlech net méi kennen, mat där knapps SMSen schreiwen, telefonéieren an Snake spille konnt.

3625586362_07cd7f85ee_o

(CC BY 2.0 by uros velickovic via flickr.com)

Bei der Studie koum och eraus, dass wat d´Ausstattung ubelaangt et Ënnerscheeder tëscht Meedercher an Jonge bestinn. Während beispillsweis 56% vun den Jonge fest SpillSpillkonsole besetzen, sinn et bei de Meedercher just 35 %, vun deenen awer 67% en Digicam besetzen am Géigesatz zu de 37% bei de Jongen.

Eng interessant mä gläichzäiteg och kriddeleg Feststellung ass déi, dass en eegene Fernseh, DVD Player an fest Spillkonsolen, e bësse méi dacks bei engem méi nidderege Bildungsniveau ze fannen sinn, während bei engem méi héigen Bildungsgrad Digitalkameraen, Radioen an Computer ze fanne sinn.

Zu gudder Läscht hunn ech mer dann nach ugekuckt, wat déi Jugendlech als fir si wichteg definéiert hunn. Déi gréisst Bedeitung kënnt dem Museklauschtren zou. 90% vun den befrote Jonke ginn sech also gaer der Musik hin. Direkt duerno kënnt den Internet mat 89%. Féierfëneftel halen hiren Handy fir onentbehrlech an fir 60% hunn de Radio an Bicher eng grouss Bedeitung.

Wee weess, wann dës Etude zu Lëtzebuerg gemaach gi wier, wier bei dëser Fro vläit och Radio Ara oder BEE SECURE Podcaste lauschteren erauskomm. 

D´Studie fannt dir hei.

Play
Posted in Uncategorized | Comments Off

Let´s talk about Porno

Salut, hei as d´Anne vu BEE SECURE.

Viru kuerzem sinn ech op dëser Plaatz op d´Thema Sexting agaangen. Heibäi geet et wei der wësst, ënner anerem dorëms, dass Jonker per Instant Messenger intim Fotoe vu sech selwer verschécken, déi dann awer vum jeeweilegen Empfänger net mam néidege Respekt an der passender Diskretioun behandelt ginn. Ween nach e Bléck méi op d´Thema werfe wëll, fënnt en neien Dossier dozou op beesecure.lu.

D´Thema Sex an Sexualitéit ass omnipräsent an beschränkt sech kengesfalls just op de Sexting. Eng wichteg Roll spillt nämlech och déi Etapp déi laang virum Sexting kënnt an mat där sech all Kand befaasst an och befaasse muss. Et geet ëm d´Opklärung. Dëst Eruféiren un d´Thema fënnt deels an der Schoul, deels doheem mä eben och am Internet statt. All ze dacks kënnt et nach vir, dass awer grad de Contenu zum Thema ongefiltert an Form vu Pornoen un d’ Kanner gelaangt, déi grad si an engem gewëssen, fréien Alter net richteg kontextualiséiren kënnen. Et ass an éischter Linn also net direkt de Porno selwer, deen hinne schued, mä de Fait, dass si weder de Notze vu sou Filmer, nach d´Zilsetzung an virun allem d´Handlung selwer aschätze kënnen. Vu dass hautdesdaags d´Konfrontatioun mat sou engem Contenu quasi onëmgänglech ass, ass et besser d´Kanner ze stäipen an ze begleeden, amplaz just Verboter auszeschwätzen.

D´ Landesfachstelle für sexuelle Gesundheit und Familienplanung Mecklenburg-Vorpommern geet am Moment vu engem Duerchschnëttsalter vun 11 bis 12 Joer aus an deem Kanner déi éischter mat Pornoen ze dinn hunn. Fir ze verhënneren, dass een de Kanner réischt no dëser Konfrontatioun Hëllef ubitt, ass gutt oppe mam Thema ëmzegoen an si drop ze preparéieren. Eis Kollegen vu klicksafe.de hunn dofir e groussen Dossier op hirer Säit, deen ënnert dem Titel „Let´s talk about Porno“ ze fannen ass.

Bildschirmfoto 2014-04-01 um 13.15.10

(Quelle: klicksafe.de)

An engem éischte Schrëtt gëtt verdéischt mol op dat agaange wat beim Thema Sex souwéi och bei der Sexualitéit am allgemengen, déi gréisste Roll spillt, nämlech déi eege Perséinlechkeet, deen eegene Kierper an natierlech och dat eegent Kierpergefill. Hei fënnt een och Materialie fir Schoulklasse wou een da beispillsweis unhand vu Comics kann, mat Kanner iwwer d´Pubertéit, Schéinheetsidealer oder och Geschlechterrepräsentatioun schwätzen.

De Moment ass dann och de Fong geschafen, fir de Schrëtt hin zum Thema Pornografie kënnen ze woen. Och hei gëtt et zum enge spilleresch Materialie fir d´Kanner un de Sujet erun ze féieren, mee zum aneren och Erklärungen an Fuerschungsresultater, déi den Erwuessenen eng gewëss Ënnerstëtzung kënne bidden an déi hinne vläit souguer dobäi hëllefen, d´Thema an aller Rou, ouni ze panikéieren unzepaken. Ausserdeem gëtt op vill weider Siten verwisen, déi hëllefraischen Contenu ubidden an engem soumat definitiv eng Hëllefstellung an dëser wichteger Situatioun bidden.

An dësem Kontext kënnen sech op d´Pädagogen ënnert aerch vläit folgenden Termin fräi halen: De 8 bis 9.Mee fënnt nämlech en Seminaire zum Thema Jugendlecher am Internet statt, bei där Problematiken déi heibäi opkomme kënnen opgegraff ginn an een awer Tools mat op de Wee kritt, fir konstruktiv mat Kanner mat neie Medie schaffen ze kënnen.

Play
Posted in Uncategorized | Comments Off

Mir klammen an d´Zäitmaschin

Salut hei ass d´Anne vu BEE SECURE,

haut maache mer mol rëm eng Kéier eng kleng Zäitrees. Eng an d´Vergaangenheet an eng an d´Zukunft.

Läschten Dënschden war wéi schon laang annoncéiert de Safer Internet Day op deem ënnert dem Slogan „Gemeinsam für ein besseres Internet“ Aktiounen uechtert d´Welt stattfonnt hunn. Am Kader vu dësem speziellen Dag sollt en breet Publikum fir Internetsecherheet sensibiliséiert ginn. BEE SECURE huet dohier an Zesummenaarbecht mat CIRCL ënner anerem en Virtrag fir Journalisten ugebueden, déi leider net selten och zu Zilscheiwe vu Cyberattacke ginn. An der Maison de l´Europe konnt een deementspriechend vill iwwert déi méiglech Grënn vu sou Ugrëffer gewuer ginn an krut och eng ganz Rëtsch Tipps mat op de Wee. De jonke Journalist Joel deen iech grad duerch d´Sendung begleed, ka jo lo mol kucken, wéi seng Äntwerten op folgend Froen ausfalen: Weess du wéi Ofhéierversich per Telefon funktionéieren? Benotz du ëmmer en separate Browser fir Aktivitéiten déi eppes mat sensibelen Donnéeën, also beispillsweis Web Banking ze dinn hunn? Hues du Add-Ons, wéi NoScript an dengem Browser? Wéi virsiichteg gees de fir wann s de en friemen USB verwends? Firwat dës Froen sou wichteg sinn an op wat een nach alles uechte soll, kënnt dir op der Säit vu Circl nokucken.

Ausserdeem kënnt fir iech de Podcast, deen um Safer Internet Day vun der Medienklass aus dem Michel Rodange gesent gouf och nach eng Kéier ulauschteren, wann der op graffiti.lu laanschtsurft.

Spannung gouf d´läscht Woch sécherlech och op, wou déi europäesch Gewënner vum Best Content Award bekannt gi goufen. An deenen 4 verschiddene Kategorien hunn Equipen, sou wéi och eenzel Persounen aus Island, der tschechescher Republik, Holland an a Polen jeeweils déi éischt Plaz beluecht. Detailer heizou fannt dir op bestcontentaward.eu.

Bildschirmfoto 2014-02-18 um 09.20.22

An zum Schluss woe mer nach e kuerze Bléck an d´Zukunft. De Samschde fënnt an der Kufa nämlech de Concert mat de Gewënner vum Hip Hop Songcontest statt. Dëse Contest war am vergaange Joer lancéiert ginn an d´Gewënner hunn net just d´Produktioun vun hirem Song gewonnen, mä konnten och um allsäits bekannten On Stéitsch Festival optrieden. Lo gëtt et Zäit fir de Publique nach eng Kéier op neits un d´Kachen ze bréngen, an mat hire Songs zum Thema „Connect with respect“ kënschtleresch mam Thema ze konfrontéieren. Dir kënnt also Crisa, DCG, Ge-Nova, Realis, Webstar & Toxico souwéi Zeptah live ab 8 Auer owes erliewen. Dës Moment gëtt souguer op Band festgehalen, fir dass dir iech och nach nom Weekend un deem erfreeë kënnt wat der erlieft hutt

Play
Posted in Uncategorized | Comments Off