Mam Handy op d‘Plage?

Et ass Summer an domadder och Vakanzenzäit. Vill vun eis gënnen sech eng Auszäit un enger Plaz um Mier, an do ass deen een oder anere Besuch op der Plage dann och ageplangt. Nieft der Loftmatrass, dem Handduch an der Schëpp, fir eng Sandbuerg ze bauen ass bei ville Leit och de Smartphone am Gepäck. D‘Plage ass awer keen esou frëndlechen Environnement fir een Smartphone.

Engersäits ass do d‘Sonn, déi net esou gesond fir den Handy ass. Engersäits gëtt den Akku méi séier eidel an kann esouguer iwwerhëtzen, wann de Smartphone an der praller Sonn läit. An anerersäits kann och den Display futti goen, wann en ze vill Sonn ofkritt. Et gëtt dowéinst geroden, den Handy an der Posch oder ënnert engem Duch ofgedeckt ze loossen an dorobber opzepassen, datt d‘Gerät net ze vill direkt Sonn ofkritt. Wann äre Smartphone ufänkt, onnatierlech waarm ze ginn an sech net méi ofkillt, maacht en besser aus an huelt – wann dat geet – den Akku eraus. Ee Smartphone, deen ze waarm ginn ass, sollt sech am Normalfall vum selwen ofschalten, mä dat heescht net, datt een net virsiichteg sollt sinn – déi automatesch Ofschaltung klappt nämlech net ëmmer.

Nieft der Hëtzt ginn et zwee weider Elementer op der Plage, déi dem Smartphone net gutt doen: d‘Waasser an de Sand. Wat geschitt, wann den Handy naass gëtt, muss ech wahrscheinlech net extra erklären – et ass am Reegelfall keng gutt Iddi, dem Smartphone wëlle schwamme bäizebréngen. Och Sand kann den Display zerkrazen oder d‘Kontakter vum USB-Port futti maachen. Wien den Handy also mat un de Strand wëll huelen, kann sech eng speziell Tiitche kafen, déi waasserdicht ass an den Smartphone viru Waasser a Sand schützt. Wien keng Sue wëll ausginn, kann och eng Zip-Lock-Tuut huelen, an där een soss Saache mécht, déi een am Tiefkühler wëll afréieren.

Et ginn natierlech och sougenannt „Outdoor“-Handyen, déi speziell dorobber ausgeluecht sinn, den Elementer Paroli ze bidden an déi och op der Plage eng besser Figur maache wéi déi „normal“ Smartphones. Dës sinn awer relativ deier – wien net grad all puer Woche grouss Tier an der Natur mécht, brauch wuel keen extra Outdoor-Handy, mä kann einfach op eng speziell Housse zeréckgräifen, fir dat kee Sand a kee Waasser dru kennt. A well den Handy jo och net ze vill an der Sonn sollt leien, bléift en am beschten déi längsten Zäit am Rucksack – wann een op der Plage ass, sollt een souwisou probéieren, sou gutt wéi méiglech ofzeschalten. An dat geet erwisenermoossen am Beschten, wann een net déi ganzen Zäit op den Handy kuckt.

Weider Informatiounen zum Thema Reese mat Smartphones fannt dir och op bee-secure.lu

Quellen:

freenet.de & detektor.fm.

Play
Posted in gDossier | Leave a comment

Sécher am oppene WLAN?

Am Summer sinn vill vun eis méi ënnerwee wéi soss. A grad wann d‘Wieder gutt ass, setze vill Leit gäre mol op enger Terrasse vun engem Café oder soss engem Lokal. An do notzt een – wéi an der Vakanz am Ausland souwisou – gäre mol den ëffentleche WLAN. Dat ass allerdéngs net ëmmer ouni Risiko. Ech erklären iech dofir haut, wouropper dir oppasse kënnt, wann dir an engem ëffentleche WLAN ënnerwee sidd.

Ganz graff ginn et zwou Méiglechkeeten, wéi een ëffentleche WLAN funktionéiere kann: de WLAN ka komplett op sinn oder et kann een Passwuert drop sinn. Am éischte Fall, also am oppene WLAN ass d‘Kommunikatioun grondsätzlech onverschlësselt. All anert Gerät, dat am Netzwierk ass, ka prinzipiell mat lauschteren an Donnéeë wéi Passwierder, Usernimm oder d‘Texter vun E-Maile gewuer ginn. Eng aner Method, fir iech ofzelauschteren ass een Fake-Netzwierk opzemaachen, dat am Géigesaz zum richtegen, offizielle WLAN kee Passwuert huet.

Och op tropesche Plagen gëtt et WLAN (Photo cc-by Mike Haller)

Wéi kann ech mech dann elo schützen? Als éischt ass et wichteg, Passwuert-geschützt Netzwierker ze benotzen, wou se do sinn. Zéckt net, z.B. d‘Personal vun engem Café nom Passwuert ze froen. Benotzt op kee Fall oppen Netzwierker, déi een vermeintlechen Tippfeeler am Numm hunn. Déi kënnen eng Fal sinn. Wann iech äre Computer freet, op dir an engem ëffentlechen oder privaten Netzwierk sidd, sot op alle Fall d‘Wourecht. Mat den Astellunge fir d‘privat Netzwierk kënnen zum Beispill gedeelte Fichieren oder är iTunes-Bibliothéik fir aner Leit accessibel sinn.

Ee wichtege Punkt ass och, an oppenen Netzwierker just verschlësselt Verbindungen ze benotzen. Déi erkennt dir dorunner, datt an der Adresszeil een zouent Schlass ze gesinn ass an d‘Adress mat httpS amplaz just http ugeet. Et gëtt och Addons wéi zum Beispill „ https everywhere“ déi iech dobäi hëllefe kënnen. Wann dir Zougrëff op een VPN, also een virtuellt privat Netzwierk hutt, sollt dir dat benotzen. Doduerch gi sämtlech Verbindunge verschlësselt an keen am oppene WLAN kann är Kommunikatioune matliesen.

Dir sollt an engem ëffentleche WLAN och keng Updates eroflueden an installéieren. Dat ass dowéinst wichteg, well et Methode ginn, fir esou Updates ze faken. Dir géift dann onabsichtlech eng Malware eroflueden an installéieren, déi engem Hacker Zougrëff op är Maschinn géif ginn.

Wann dir dës Tipps behäerzegt, steet dem surfen am Café oder op der Terrasse am Fong näischt méi am Wee – mä bei dem gudde Wierder lount et sech, och mol wuertwiertlech ofzeschalten!

Play
Posted in gDossier | Comments Off on Sécher am oppene WLAN?

EULA net gelies – muss ech elo och d‘Toilette botzen?

Dir hutt et sécher matkritt. A Groussbritannien hunn sech 20.000 User verflicht, Festival-Toiletten ze botzen. An dat fräiwëlleg. Si haten d‘EULA net gutt gelies.

Mä kommt mir fänke vu vir un. Et geet ëm déi britesch Firma „purple“, déi gratis WLAN-Hotspots op der ganzer britescher Insel ubitt. Si huet fir EULA, also hiren End User Licence Agreement, iwwerschafft. Am Kader vun enger europäescher Directive sollen déi legal Dokumenter bei WLAN-Ubidder, déi heiansdo och Allgemeine Geschäftsbedingungen (AGB) oder Terms of Service heeschen, méi user-frëndlech gestalt ginn. Purple huet hiert Dokument, dat iwwer 1600 Wierder hat, op 260 Wierder gekierzt. An dobäi hunn si sech geduecht, si géife mol testen, wéi vill Leit sou eng EULA eigentlech liese géifen. An hunn dra geschriwwen, datt all purple-User sech zu 1000 Stonnen „Community Service“, also gemengnëtzeger Aarbecht verflicht. Als Beispiller fir sou Aarbecht huet purple genannt: Festival-Toilette botzen, Hondsdreck am Park oprafen, Katzen an Hënn ouni Doheem heemelen oder och nach d‘Haiser vu Schlécke molen. Zimlech verréckt an abstrus also. Während den zwou Wochen, wou den Test gelaf ass, huet sech just eng eenzeg Persoun gemellt, déi fonnt huet, datt do eppes net stëmme kéint.

An et ass jo net verwonnerlech, déi mannst vun eis wäerten déi komplizéiert Dokumenter, déi dacks och nach a ganz klenger Schrëft ugewise ginn oder onlieserlech duerchgoend a CAPS LOCK geschriwwe sinn, komplett duerchliesen. An och wann een dat mécht: Et muss een scho bal Droit studéiert hunn, fir alles ze verstoen. Fir de normalen User ass et en plus och nach schwiereg erauszefannen, ob eng EULA vun enger US-Firma an Europa iwwerhaapt an alle Punkte legal ass. Allerdéngs stinn dacks Saachen an deenen Agreementer, déi Konsequenze kënnen hunn: Verschidde Siten, ob deenen ee Fotoen eropluede kann, kréie mat der EULA d‘Recht, déi Fotoen ze benotzen oder esouguer ze verkafen – ouni datt de User je ee Cent géif kréien. Aner Servicer loossen et net zou, datt een seng Donnéeën oder säin Account erëm läscht. Et wier also gutt, een Iwwerbléck iwwert d‘EULA ze hunn, iert een sech umellt.

Wéi kann een sech dann elo iwwert eng EULA, AGBs oder Terms of Service informéieren, ouni mussen Droit ze studéieren?Et gëtt Säiten, wou Leit legal Dokumenter an einfacherer Sprooch zesummenfassen. Eng heescht zum Beispill tldrlegal.com. Do fënnt een zum Beispill eng Analys vun den Terms of Service vu Facebook. An anersäits fannt dir de Factsheet zu EULA op bee-secure.lu an eisem Dossier iwwert Cloud.

Quellen:

heise.de: 22.000 Hotspot-Nutzer willigen ins Toilettenputzen ein

purple.ai 22,000 people willingly agree to community service in return for free WiFi

Play
Posted in gDossier | Comments Off on EULA net gelies – muss ech elo och d‘Toilette botzen?

Endlech Vakanz!

Elo ass et esouwäit: Fir Schüler huet d‘Summervakanz zu Lëtzebuerg ugefaangen. Verschiddene Studente wäerten nach e bëssi op der Uni schweesse mussen, mä dofir dierfen si dann och am September nach méi laang hir fräi Zäit genéissen. De Summer heescht eben och Vakanzenzäit. Vill Lëtzebuerger wäerten déi eng oder aner Woch un der Plage verbréngen oder soss enzwousch fort fueren. An kaum een wäert dat hautdesdaags nach ouni Smartphone maachen, vill huelen esouguer hiren Tablet oder Laptop mat an d‘Vakanz. Dofir schwätze mir haut doriwwer, wouropper dir sollt oppassen.

Ee wichtege Facteur ass dat, wat dir net mat an d‘Vakanz huelt: Äert Doheem. Wann déi ganz Famill an d‘Vakanz fiert, ass d‘Gefor, datt agebrach gëtt, ëmmer ginn. An Abriecher duerchsiche gäre social media no Posts vu Leit, déi an der Vakanz sinn. Et ass dofir wichteg, esou Posts op ee Minimum ze beschränken an se virun allem net ëffentlech ze maachen. Natierlech sollt een och net seng Uertschaft oder esouguer seng Adress ëffentlech a säi Facebook-Profil stellen. Och een ëffentlechen „check-in“ op enger Plaz no beim Doheem kann engem Abriecher genuch Unhaltspunkte ginn, fir äert Doheem ze fannen. Dowéinst ass et och net vu Mutwell, virun enger Rees seng Privatsphäranstellungen an de sozialen Netzwierker wéi Facebook ze iwwerpréiwen. Muss jidderee vun ären „Frënn“ op Facebook gesinn, datt dir grad an der Vakanz sidd? Et bitt sech un, eng Lëscht mat Leit ze maachen, deenen dir vertraut an d‘Posts just fir déi fräizeschalten. Op kee Fall sollt een ëffentlech Posts aus der Vakanz maachen. Dat gëllt och fir aner sozial Netzwierker wéi zum Beispill Instagram. Et kann een d‘Vakanzefotoen do zum Beispill einfach da posten, wann een erëm doheem ass.

Den Hotel-WLAN ass zwar praktesch, mä och hei ginn et Geforen. Wa kee Passwuert um WLAN ass, ka jiddereen do Donnée fësche goen. Dir sollt also an sou engem oppenen Netzwierk just verschlësselt Verbindunge benotzen, also httpS-Verbindungen. An ärem Browser ginn déi duerch een Schlass-Symbol ugewisen. Wien Zougang op een VPN huet, sollt dee benotzen.

Virun der Vakanz lount et sech, Apps wéi Reesführer, Offline-Karten asw. op den Handy ze lueden an se ze testen. Och wann am EU-Ausland de Roaming elo näischt méi kascht, ass et ni schlecht, och offline Informatiounen ze hunn – an der Vakanz kann och d‘Netz op ee mol fort sinn. Wien op een anere Kontinent oder an d‘Schwäiz reest, muss awer nach Roaminggebühren bezuelen an sollt den Data-Roaming am beschten ausschalten. Ausschalten, dat ass iwwerhaapt e gutt Stéchwuert. Dofir ass d‘Vakanz jo och do – an mat ausgeschalte Geräter entspaant et sech ëmmer nach am Beschten.

Méi zum Thema fannt dir op bee-secure.lu

Play
Posted in gDossier | Comments Off on Endlech Vakanz!

Opgepasst mat der „Snap Map“

Snapchat ass een vun de sozialen Netzwierker, dat virun allem vu ganz jonke Leit benotzt gëtt – fir Erwuessener ass d‘App, déi ouni vill Erklärungen auskënnt an där hir Funktiounen net ëmmer direkt verständlech sinn, wahrscheinlech ze „jonk“. Ëmsou méi wichteg misst der Firma d‘Privatsphäre vu hire User sinn. Mä elo gëtt et eng nei Funktioun, déi ganz ville Snapchat-User geféierlech kéint ginn.

Riets ass vun der néier Funktioun „snap map“. Domadder ass et méiglech, op enger Weltkaart live ze gesinn, wou aner snapchat-User grad sinn an wat déi grad do maachen. De Konzept ass ursprénglech vum Startup „Zenly“ entwéckelt ginn, dee viru kuerzem vu Snapchat kaaft ginn ass. Et muss een d‘Funktioun als éischt aktivéieren, deen eegene Standuert gëtt also net einfach esou verroden. Mä wann d‘Funktioun bis ee mol aktivéiert ass, bleift se dat an deene meeschte Fäll. All Kéiers, wann de User Snapchat opmécht, gëtt déi Kaart aktualiséiert. Dat gëtt am Tutorial, deen déi nei Funktioun erkläre soll, awer net erwäänt. An e puer Tester hunn Reporter rausfonnt, datt d‘Lokalisatiounsfunktioun extrem genee ass. Sou wier et méiglech, net nëmmen d‘Strooss, mä esouguer och d‘Hausnummer vun enger Persoun erauszefannen.

Dat klengt elo sou, wéi wann déi Funktioun een Dram fir Stalker a Mobber wier. Déi kënnen nämlech live an enorm exakt erausfannen, wou eng Persoun sech grad beweegt. Och wann een zum Beispill um Heemwee déi neiste Snaps kuckt, gëtt d‘Positioun op der Kaart aktualiséiert, et ass also méiglech, nozevollzéien, wat fir Strecken een User all Dag benotzt. Aacht Stonne laang bléift déi läscht Positioun op der „snap map“, duerno gëtt se laut den Informatioune vu Snapchat erëm geläscht. Allerdéngs ass et esou, datt een just dann déi Leit op der Kaart gesäit, déi engem selwer och followen. Ausserdeem gëtt et den sougenannten „Ghost Mode“, also de Geeschtermodus, an deem een seng eege Positioun guer kengem verréit. Dat ass déi sécherst Optioun an sollt de Standard sinn. Ween d‘snap map benotze wëll, sollt dat am beschte just ëmmer fir eng kuerz Zäit maachen an sech virdru genee ukucken, wien seng Followers sinn an sech iwwerleeë, op déi wierklech alleguerte sollte wësse, wou een selwer grad drun ass.

Allgemeng sollt een mat Snapchat virsiichteg ëmgoen. Och wann d‘Fotoe vermeintlech direkt erëm verschwannen, sou ginn et ëmmer Methoden, wéi Leit Screenshots maache kënnen – och ouni datt d‘App dat matkritt. Et gëllt also, sech seng Follower gutt auszesichen an net jiddereen zouzeloossen an sech virun engem Snap ze iwwerleeë, ob en wierklech néideg ass. Wann een dat am Hannerkapp huet, schwätzt awer näischt dogéint, Frënn een Snap ze schécken oder a seng Story ze posten.

Weider Informatiounen zum Thema fannt dir op bee-secure.lu

Play
Posted in gDossier | Comments Off on Opgepasst mat der „Snap Map“

Kee Smartphone um Steier!

Et ass eng Situatioun, déi vill vun eis wahrscheinlech kennen: Kuerz kucken, wien do grad eng Noriicht geschriwwen huet oder esouguer bei enger rouder Luucht séier äntweren. Obwuel een weess, datt een dat net soll, berouegt een säi schlecht Gewëssen da mat Sätz wéi „Ech maachen dat jo just, wann et wierklech wichteg ass“.

Et muss een awer bedenken, datt mëttlerweil schonn Ee vun Zéng Accidenter dorobber zeréck gefouert gëtt, datt de Chauffeur mat sengem Handy beschäftegt war. De Risiko fir een Accident klëmmt ëm dat Dräifacht, wann een de Smartphone um Steier benotzt. Dat läit dorunner, datt een „kuerze Bléck“ op den Handy ëmmer vill méi laang dauert wéi een dat selwer géif mengen. Doduerch ginn all d‘Reaktiounzäiten verlängert. Jee méi séier een ënnerwee ass, ëmsou méi wäit fiert den Auto, iert een eng Gefor gesäit an iwwerhaapt eng Chance huet, op d‘Brems ze klammen. Jee nodeem, a wat fir engem Zoustand d‘Strooss ass, ass de Bremswee nach méi laang. Grondsätzlech sollt een beim Fuere folgend Tuyaue beuechten:

  • Um Steier net telefonéieren, Message schreiwen oder soss eng App benotzen
  • virum Fortfueren den Handy op „Net steiren“, also „do not disturb“ stellen, fir guer net an d‘Versuchung ze kommen
  • Wann dir ugeruff gitt an et ass esou dringend, datt et net waarde kann, bis dir ukomm sidd, gitt ärem Bäifuerer den Handy oder fuert op eng Parkplaz an telefonéiert do. Mä weder d‘Pannesträif nach eng rout Luucht sinn gutt Plazen, fir ze telefonéieren.
  • Wann dir selwer eng Persoun urufft, déi grad um Steier setzt, hänkt erëm an an rufft méi spéit erëm un.
  • Och Navigatiouns-App sollt dir just da benotzen, wann se wierklech néideg sinn. Och déi lenken nämlech vun der Strooss of.

Kee Gespréich, keng WhatsApp-Noriicht an och kee Facebook-Status ka jeemools esou wichteg sinn, datt et sech lount, dat eegent Liewen dofir op d‘Spill ze setzen. Oder eben d‘Liewe vun engem aneren – wann dir am Auto setzt, sinn iech Foussgänger an Vëlosfuerer ausgeliwwert. Ëmgedréint gëllt awer och fir déi: Prinzipiell sollten d‘Autoen zwar Récksiicht huelen, mä et ass trotzdeem eng gutt Iddi, NET op den Handy ze kucken, wann een iwwert een Zebrasträife geet.

Natierlech passen sech och d‘Hiersteller vu Smartphones an Apps un déi nei Situatioun an Geforen un. Apple huet elo zum Beispill ugekënnegt, datt déi nächst Versioun vun iOS mat engem Feature kënnt, deen automatesch erkenne soll, wann den Handy an engem Auto ass. Et kann een an den Astellungen auswielen, datt een an dem Fall net gesteiert wëll ginn – da schalt sech den Display automatesch während der Faart aus. Allerdéngs léisst sech de Feature och ausschalten – an ob den iPhone tëschent Chauffeur, Bäifuerer oder esouguer enger Persoun, déi am Bus setzt, ënnerscheede kann, ass éischter ze bezweifelen. Och fir Android ginn et schonn Apps, déi ähnlech Funktiounen hunn. Am einfachsten ass et awer, den Handy einfach an den „Do not disturb“-Modus ze setzen an fir déi Zäit, an där een Auto fiert, net gesteiert ze ginn.

Ween sech nach méi intensiv mat der Sécherheet beim fueren ausernee setze wëll, dee kann dëse Samschden, den 1. Juli, op Kolmer-Bierg op den Young Drivers Day. Do ginn et de ganzen Dag Workshops, wou een ganz vill Saachen iwwert séchert Fuere leiere kann. Umelle kann een sech ënnert Safteydays.lu

A wien einfach méi iwwert Internetsécherheet a gesonden Ëmgang mat Technik gewuer wëll ginn, kann dat wéi gewinnt op bee-secure.lu maachen.

Links:

Security made in Luxembourg: Sur la route, soyez smart sans phone!

Young Drivers Day

Zeit.de: Apple will Autofahrer erziehen

Play
Posted in gDossier | Comments Off on Kee Smartphone um Steier!

Enn vum Roaming an der EU

Wéi ech mäin alleréischte BEE SECURE-Podcast opgeholl hunn, war et grad decidéiert ginn: de Roaming an der EU sollt ofgeschaaft ginn. An elo, am Juni 2017, ass et endlech esouwäit. Ween am europäeschen Ausland den Handy benotzt, muss dofir net méi bezuele wéi doheem. Et ginn awer trotzdeem e puer Saachen, ob déi dir oppasse sollt.

Mir sinn all drun gewinnt, datt déi europäesch Reegelen ëmmer e bëssi méi komplizéiert sinn, wéi mir dat op den éischte Bléck erwaarden. Esou ass et elo och beim Roaming. Mä keng Angscht, sou schlëmm ass et am Fong net. Grondsätzlech gëllt zanter dem leschten Donneschdeg, datt dir an der ganzer EU fir den selwechten Tarif wéi doheem telefonéieren, SMSen schreiwen an den mobillen Internet benotzen dierft. Zousätzlech gëllt dës Bestëmmung nieft den 28 EU-Länner och fir Island, Liechtenstein a Norwegen.

Allerdéngs ginn et Limitten. Fir ze verhënneren, datt Leit sech eng SIM-Kaart mat engem extrem bëllegen Tarif am europäeschen Ausland kafen an just nach déi benotzen, sinn déi Limitte virun allem zäitlech. Spéitstens no véier Méint däerf den Operateur een zousätzleche Forfait verlaangen. Deelweis ginn et och sougenannt „fair use“-Reegelungen an de Kontrakter vun den Operateuren. Dat heescht, datt een zum Beispill just een Deel vu sengem Kontinent vun Donnéeën däerf am europäeschen Ausland benotzen. Dofir ass et eng gutt Iddi, sech säin aktuelle Kontrakt gutt duerchzeliesen. Besonnesch dann, wann se elo rezent geännert goufen. Verschidden Operateuren hunn elo hir Tariffer geännert. Eng Erhéijung vum Basis-Tariff muss de Client net akzeptéieren, mä kann innerhalb vun 30 Deeg aus dem lafende Kontrakt erausklammen.

Ween Problemer mat sengem Operateur huet oder mengt, hie wier wéinst de neie Roaming-Tariffer iwwert den Dësch gezu ginn, kann sech beim Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) mellen.

Zum Schluss dann nach eng wichteg Informatioun, déi een bei der Freed iwwert déi nei Reegelung vläicht vergiesse kéint: Se gëllt just an der EU an an Island, Liechtenstein an Norwegen. Op all anere Kontinenter a Länner wéi zum Beispill der Schwäiz ginn et weider speziell Roaming-Tariffer, déi ganz deier kënne ginn. Ween op Zürech, New York oder Hongkong an d‘Vakanz fiert, muss entweder op WLAN zeréckgräifen oder sech ee spezielle Package fir d‘Rees vu sengem Operateur buchen. Eng aner Méiglechkeet ass et, sech eng Prepaid-SIM op der Destinatioun ze kafen. Natierlech bleift awer och ëmmer den Tipp vu menger Säit, an der Vakanz net ze vill op den Handy ze kucken an seng fräi Zäit ze genéissen.

Weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir wéi gewinnt op bee-secure.lu

Links:

ILR: Detaillierte Informationen der Regulierungsbehörde
Europäische Kommission: End of roaming charges for travellers in the EU in 2017 Updated Questions and Answers

ULC warnt luxemburgische Mobilfunkanbieter

Play
Posted in gDossier | Comments Off on Enn vum Roaming an der EU

Ass Hate Speech illegal?

Nodeems mir eis déi läscht Episoden iwwert Shitstorms an Trolls geschwat hunn, schwätze mir haut direkt iwwert e weidert Thema, dat BEE SECURE am Kader vu senger SHARE RESPECT – Stop online hate Speech-Campagne lancéiert huet. Dëse Mount geet et am Dossier nämlech ëm d‘Thema „rechtlech Konsequenzen“.

Wann een iwwer rechtlech Konsequenze vun Hate Speech schwätzt, muss een vläicht als éischt iwwer Meenungsfräiheet schwätzen. Dacks gëtt Meenungsfräiheet esou verstanen, datt se bedeite géif, et dierft een alles soen. Mä kee vun eise Rechter kënnt ouni Barrièren aus – mäi Recht geet ëmmer nëmmen esou wäit, wéi ech net d‘Rechter vun anere verletzen. Hate Speech ass zu Lëtzebuerg keng extra Stofdot, mä dofir ginn et e puer Artikele vum Code Pénal, mat deenen Hate Speech verfollegt gëtt. Am wichtegsten ass d‘Kapitel Sechs vum Code Pénal. Doranner steet, datt et zwee Elementer muss ginn, fir datt een eng strofrechtlech Relevant Diskriminéierung begeet: Et muss Ustëftung zum Haass oder zur Gewalt sinn, déi sech géint eng speziell Grupp oder Persoun riicht. Ausserdeem muss déi Ustëftung ëffentlech verbreet ginn. Ustëftung zum Haass heescht, datt d‘Aussoen hir Lieser dozou brénge sollen, eng Persoun oder Grupp wéinst Eegenschafte wéi Hierkonft, Hautfaarf, Geschlecht, sexuell Orientéierung an sou weider ze haassen oder hinne Gewalt unzedoen.

A wéini ass eng Ausso dann elo ëffentlech? Wann d‘Geriichter déi Fro beäntwerten, kucken se net op d‘Privatsphärastellungen vun engem sozialen Netzwerk, mä op de Grupp vu Leit, déi eng Ausso gesinn hunn. Wann et op mannst 150 Leit sinn, gëllt eng Ausso zu Lëtzebuerg als ëffentlech. Strofrechtlech relevant kënnen also och Aussoen an enger privater Facebook-Grupp sinn, déi just fir Memberen op ass. Op Ustëftung zum Haass stinn héich Strofen: bis zu aacht Joer Prisong an oder Geldstrofe vu bis zu 25.000 € si méiglech.

A wat kann ee maachen, wann een Hate Speech am Internet gesäit? Vill sozial Netzwierker hunn eng Funktioun, bei där een Hate Speech melle kann. Et ass wichteg, datt een sech Zäit hëlt an hei déi richteg Kategorie auswielt. Leider hu vill sozial Netzwierker hire Setz an den USA an halen sech un déi amerikanesch Opfaassung vu Meenungsfräiheet, déi vill méi wäit geet wéi an Europa. Wa vill Leit Contenu mellen, gesinn Netzwierker wéi Facebook oder Twitter, datt ee Problem besteet. Et sollt een sech also och net vu Réckschléi enttäusche loossen. Donieft gëtt et d‘Méiglechkeet, Hate Speech bei der BEE SECURE Stopline ënnert stopline.bee-secure.lu ze mellen. All Fall gëtt gepréift. Wann sech de Verdacht op Hate Speech bestätegt, gëtt de Fall un d‘Police weidergeleet. Weider Informatiounen zum Thema Hate Speech an de legale Kader fannt dir op bee-secure.lu

Play
Posted in gDossier | Comments Off on Ass Hate Speech illegal?

Wat ass eigentlech ee Shitstorm?

D‘läscht Woch hu mir op dëser Platz eis jo ugekuckt, wat een Troll ass a wéi een mat deenen ëmgoe kann. Dës Woch werfen ech de Bléck op een Phänomen, deen am Fong e bëssi Famill ass mam trolling, nämlech de Shitstorm.

Wat ass eigentlech ee Shitstorm? D‘Wuert ass Englesch an heescht „Stuerm aus Schäiss“. Et geet dobäi ëm eng emotional opgelueden Diskussioun, déi sech an ganz ville rosene Postings oder Kommentaren entluet. Zilscheif sinn dacks Firmen, Organisatiounen, Parteien, Politiker oder Produkter. Duerch Liken an Deelen an sozialen Netzwierker gëtt et een Schnéiballeffekt: ëmmer méi Leit gesinn de Shitstorm a bedeelegen sech. Charakteristesch fir Shitstorms ass, datt d‘Kommunikatioun enorm emotional ass an fir rational Argumenter bal keng Plaz méi ass. Doduercher gëtt et fir all déi Betraffe schwéier, aus dem Däiwelskrees eraus ze kommen.

Et gi vill Shitstorms, déi géint eng Firma ginn – an dacks sinn d‘Grënn dofir fir vill Leit nozevollzéien. Och wann den Tounfall do dacks ze wënschen iwwreg léisst, huet dat awer méi mat Firmenkommunikatioun ze di wéi mat Hate Speech. Geféierlech gëtt et do, wou sech Shitstorms géint kleng Gruppen oder esouguer eenzel Persoune riichten. Virun allem jonk Fraen, déi am Internet hir Meenung soen, ginn dacks Affer vun sou Shitstorms a musse wochelaang Haass-Messagë liesen. Sou zum Beispill déi däitsch Politikerin Julia Schramm oder d‘Feministin Jasna Strick. E gutt Beispill ass och déi sougenannt „Gamergate“-Affär, wou et wochelaang Shitstorms géint Kritikerinne wéi d‘Zoe Quinn oder d‘Anita Sarkeesian gouf.

Wann een selwer am Mettelpunkt vun engem Shitstorm steet, sollt een als alleréischt versichen, sech selwer ze schützen. Dozou gehéiert d‘Sécherheet vun den eegenen Accounts, déi iwwerpréift sollt ginn. Ausserdeem sollt een versichen, sou vill wéi méiglech privat Donnéeë vum Netz ze huelen an verëffentlecht Informatiounen erëm läsche loossen. All Dreeung sollt dogéint dokumentéiert ginn, dat heescht et sollt een vun alles Screenshots maachen an déi och op engem Stick oder an der Cloud späicheren. Domadder kann een da spéider bei d‘Police goen an Plainte maachen. Mord- a Vergewaltungsdrohungen si kee Kavaléiersdelikt an sollten op alle Fall bei der Police gemellt ginn. Dee wichtegsten Aspekt ass awer, sech Hëllef ze sichen. Wann een Zil vun engem Shitstorm ass, sollt een aner Leit seng social media Kanäl monitoren loossen, fir selwer méiglechst wéineg liesen ze mussen. Hëllef kann een och bei BEE SECURE op der Helpline fannen. Weider Informatiounen zu dem Thema an vill weider Ressourcen zum Thema Shitstorms fannt dir an eisem Dossier op bee-secure.lu

Play
Posted in gDossier | Comments Off on Wat ass eigentlech ee Shitstorm?

Wat ass eigentlech een Troll?

An Diskussiounen am Internet kommen si ëmmer erëm vir: Trollen. De Begrëff kënnt am Fong aus den Urzäite vum Internet. Deemools gouf et zwar nach keng sozial Netzwierker, wéineg Fotoen an och un emojien huet nach kee geduecht. Mä Diskussiounsforen, déi gouf et schonn – an och deemools hunn sinn Leit opgefall, déi mat hiren Diskussiounsbeiträg just provozéiere wollten. An déi kruten dunn de Numm „Troll“. Ziel vum Troll ass, muttwëlleg eng Diskussioun auszeléisen an rosen Äntwerten ze kréien. Dofir benotzen Trolls natierlech méiglechst kontrovers Meenungen, déi si aggressiv verteidegen. Et ass och net ëmmer einfach, fir den Ënnerscheed tëschent engem Troll an engem User, dee vu sengem Hate Speech iwwerzeegt ass, ze erkennen. Trolling fënnt een awer net just an Diskussiounen, mä och an anere Formen: Zum Beispill gi schockéierend Biller oder Videoe verschéckt oder an Chats vun Online-Spiller Leit beleidegt. Ziel ass et ëmmer, eng rose Reaktioun ze kréien an eng onangenehm an destruktiv Atmosphär ze schafen.

Dacks gëtt gesot, datt Trolls virun allem jugendlech Männer sinn, déi wéineg Erfarung mat soziale Situatiounen hunn an d‘Grenzen austeste wëllen. Mä Studien, déi Trolls ënnersicht hunn, ginn Hiweiser dorobber, datt et Trolls an allen Altersklasse gëtt. Vill Leit, déi an Befroungen uginn, ze trollen, hunn eng staark sadistesch Oder. Déi däitsch Zeitung FAZ huet een Troll interviewe kënnen. Deen huet als Erklärung fir säi Verhale gesot: „Provozieren, das ist wie ein Orgasmus“. Vill Trolls sinn och staark narzisstesch gepräägt. Dat heescht, datt si wäit net esou harmlos sinn, wéi se vläicht heiansdo duergestallt ginn.

Wéi soll een mat Trolls ëmgoen? Eng al Internet-Weisheet seet: „Don‘t feed the troll“, also: Fidder den Troll net. Wa keen op d‘Provokatioun ageet, gëtt trolling séier langweileg an de Problem léisst sech souzesoe vum Selwen. Dat war a relativ klengen Online-Communities wéi Diskussiounsfore liicht méiglech, an sozialen Netzwierker, wou vill User nach ni vun esou implizitte Reegelen héieren hunn, geet dat awer net méi. Et ass engersäits schwiereg, Trolls ze erkennen an anersäits wäert et ëmmer Leit ginn, déi d‘Aussoe vum Troll net als trolling erkennen oder him esouguer zoustëmmen. Dofir ass et wichteg, datt sech d‘Community-Manager oder Admins vun enger Säit Zäit huelen, fir Diskussiounen ze verfollegen an Trolls héiflech, mä bestëmmt dozou opfuerderen, sech ze behuelen. Fir normal User kann et eng Strategie sinn, Trolls lächerlech ze maachen, ouni op si anzegoen. An den Urzäite vum Internet sinn d‘Trolls dofir mat engem virtuelle Fësch gefiddert ginn. Haut géif et dofir souguer Emojis ginn.

Wéider Informatiounen iwwert de Phänomen Trolls fannt dir an eisem Dossier SHARE RESPECT – stop online hate speech op bee-secure.lu

Play
Posted in gDossier | Comments Off on Wat ass eigentlech een Troll?