Browser Security

Salut hei ass den Samir vun BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwer Browser an Plugins fir den Browser, sougenannten Add-ons.

Fir d’alleréischt ass et wichteg eemol ze soen dass et verschidden Browser ginn, an duerch des “Konkurrenz” deenen hir Entwécklung och ëmmer weidergedriwwen gëtt. Wann eng nei Versioun vun Chrome erauskënnt, kennt net laang dono eng nei Versioun vum Mozilla Firefox eraus. Doduercher entstinn kleng, mä fäin Ënnerscheeder, an den Benotzer huet dann deen een oder aneren léiwer. Och kann et doduercher mol virkommen dass een Sécherheetsproblem een Browser betrëfft, an deen aneren net.

Duerch een sougenannten Drive-by-Download kann den Computer infizéiert ginn, an dëst duerch dat einfacht Besichen vun enger preparéierter oder infizéierter Websäit.
Dofir ass et unzeroden, fir kritesch Benotzungen vum Web, zum Beispill fir Online Banking ze maachen, en separaten Browser ze benotzen. Wann een zum Beispill fir ze surfen am Alldag den den Chrome benotzt, dann kann een zur Sécherheet fir Webbanking ausschliisslech den Firefox benotzen. Wann een net wëllt mat verschidden Browseren schaffe, kann een dësen Prinzip vun der Trennung jee no Benotzung och ëmsetzen andeems een verschidden Computer benotzt. Dëst ass besonnesch interessant fir eng Famill wou déi Jonk schonn selwer online Banking benotzen, wou et sech dann och rentéiert een Computer ze hunn deen just dofir do ass.

Op deem Computer soll een dann speziell oppassen wann een e-Mails liest. Et soll een keen Attachement opmaachen, an och net op Links klicken wann een net sécher ass vun wou se kommen an wouhin se féieren. Ech erënneren drun, dann een eng e-Mail Adresse liicht fälschen kann.

Ween keen zweeten Computer säin eegenen nennt, an awer wëllt méi sécher goen wéi just een aneren Browser ze notzen, kann des Trennung op 2 Computeren och virtuell ëmsetzen. Andeems eng virtuell Maschinne installéiert gëtt, huet een dono eng Art Computer am Computer.

jiddwerfalls soll een vermeiden op friemen Computeren seng Passwierder oder privat Donnée anzeginn. Wann een bei Leit op Besuch ass, an do den Computer benotzt, dann ass et unzeroden “Private Browsing” Funktiounen vum Browser ze notzen. Des Funktioun ass an all modernem Browser ze fannen, an signaliséiert dem Browser dass alles wat zwëschen dem Un an Ausschalten vun dëser Funktioun geschitt, net gespäichert soll ginn. All Browser huet seng eegen Bezeechnung dofir.
Hei sinn déi verschidden Nimm:
InPrivate Browsing am Internet Explorer.
Incognito am Google Chrome
Private Browsing am Safari an am Firefox.

4620148826_47d4a11e97_o

(By Sean Entee via flickr.com)

Zousätzlechen Schutz kann een iwwer verschidden Browser Pluginen erreechen. Ech ernimmen dann hei just déi wichtegst déi et gelt ze kennen, woubäi ech mech dann och Firefox Add-ons limitéieren, well et hei déi meeschten Add-ons ginn, an well deen Browser an punkto Dateschutz deen beschten ruff huet.

CS Lite: Duerch dësen Add-ons kann een an der Toolbar ganz einfach fir all eenzel Säit oder Domain astellen op den Site duerf Cookies um Computer placéieren oder net.

NoScript: Mat dësem Add-on kann een eng Lescht vun Websäiten erstellen, déi ouni Aschränkungen funktionéieren duerfen, woubäi dann all déi aner Websäiten keng aktiv Inhalter oder Plugins ausféieren kënnen. besonnesch JavaScript gëtt benotzt fir Attacken iwwer den Browser duerchzeféieren. Duerch d’Benotzen vun sou enger Lescht vun positiven Säiten ass een géint bekannt an onbekannt Attacken geschützt, well zum Beispill nëmmen den Homebanking Site den JAVA Plugin duerf benotzen.

AdBlock Plus: dësen Add-on verhënnert dass Reklammen op de Siten affichéiert ginn. Du gesäis also manner oder guer keng Reklammen déi speziell op dech ausgeriicht sinn. Well wat eng Annonce méi genau op dech cibléiert ass, wat se och besser zum Klicken oder zum kafen bewegen kann. Iwwer dësen Add-on gëtt och zum Deel verhënnert dass Reklammen Netzwierker Daten iwwer deng Persoun sammelen kënnen.

Bei dem Schutz virun Datensammler setzt och BetterPrivacy un.

Bei all Browser kann een Cookies läschen. Mee vun sech aus un kennen d’Browser keng LSO Fichieren läschen. Dëst sinn sougenannten Supercookies. Zur Erënnerung, en Cookie ass een klengen Textfichier deen um Benotzer sengem Computer gespäichert gëtt wann dësen eng Websäit besicht. Cookies ginn dofir gebraucht fir kleng Informatiounshappen ofzespäicheren, sou dass d’Benotzen vun engem Site besser oder méi sécher funktionéiert. En typescht Beispill ass hei, dass den Site sech verhält an wéi enger Sproch een den Site besicht. Déi nächsten Kéier geet en dann direkt an der richteger Sproch op. En anert Beispill ass, wann een an engem OnlineShop bliedert an d’Saachen an den Akafswoon geheit. Den Cookie ass hei den Akafswoon an deem d’Artikelen leien.
Des Fichier’en hunn awer eng maximal zoulässeg Gréisst, déi awer zimlech niddreg ass. An sou een LSO, wat sou vill heescht wéi Local Shared Object, kennen awer vill méi Daten gespäichert ginn. Dëst huet domadder ze dinn, dat se een aneren Zweck erfëllen sollen wéi Cookies, se ginn haaptsächlech am Kader vun Online Spiller déi op Flash baséieren benotzt.

Den Problem ass, dass en LSO Fichier als Backup fir een klasseschen Cookie dengen kann, sou dass den Benotzer deen seng Cookien läscht, den Cookie rëm zougewisen kritt wann en déi Säit nach eemol besicht.

Mat dem Add-on BetterPrivacy kann een astellen dass des Supercookies automatesch geläscht ginn wann een den Firefox zoumécht.

Fir méi Informatiounen zum Tunen vun dengem Webbrowser surf laanscht www.bee-secure.lu/saferinternet/

Play
This entry was posted in gDossier and tagged , , , . Bookmark the permalink.