Review SID 2012 – facebook timeline II

Salut hei as den Samir vun BEE SECURE. Haut get et en klengen Réckbléck op den Safer Internet Day 2012 hei zu Letzebuerg,
an ech schwätzen dann kuerz iwwer Facebook, déi wéi sou oft virun kuerzem nees nees an den Noriichten woren.

Den Denschden 7 Februar, um Safer Internet Day, huet BEE SECURE 3 Evenementer ofgehalen. An der Mettestonn gouf et eng Konferenz “Les jeunes sur le net – ce que les parents devraient savoir”
Virunn ronn 40 Leit huet den Georges Knell vun BEE SECURE en Iwwerbléck iwwer potentiell Geforen am Internet ginn, déi virun allem Kanner an Jonker betreffen. D’Elteren déi do waren, kruten och Erklärungen wéi een d’Kanner kann begleeden an se domadder net ongeschützt problemateschen Inhalter auszesetzen.
Publizéiren vun perséinlechen Informatiounen an den sozialen Netzwierker an d’Thema Cyberbullying hun fir vill Froën aus dem Publique gesuergt.

Um 4 Auer wor eng Table-Ronde wou nach méi Froën gestallt ginn an beäntwert gi sinn. Hei hunn Vertrieder vun BEE SECURE, CIRCL, LISA Stopline an CASES mat Vertrieder vun den Jonken, Elteren, an SilverSurfers iwwer verschidden Themen wéi d’Verhalen op Facebook, Filesharing an den Droit d’auteur am Netz geschwat.

Zum Ofschloss wor owes am Cercle Cité eng Konferenz vun der Organisatioun ECPAT zum Thema Kannermëssbrauch am Internet.
Am gutt besaten Auditoire vum “Cercle Cité” sinn et Informatiounen zu dëser schwiereger Problematik ginn.

Déi 3 Evenement konnten live um Portal vun BEE SECURE nogekuckt ginn. Leider goufen et bei den 2 éischten Veranstaltungen Problemer mam Toun, sou dass et net agreabel wor live nozekucken. D’Videoen sinn awer opgeholl ginn an den 14ten Februar ginn se um BEE SECURE Portal verëffentlecht, sou dass een se kucken kann wann een well.
Wéi gesot du fënns des 3 Video’en dann um Portal vun BEE SECURE, an och op eiser Facebook Page.

A propos Facebook,
virun kuerzem wor Facebook nees an den Noriichten.
Als éischt mol well d’Timeline soll generell fir all Benotzer agefouert ginn, Timeline ass dat neit Format vum Profil, wat een bis elo selwer konnt aktivéieren oder net, an op deem alles wat den Benotzer bis elo gemaach huet, méi einfach zougänglech mécht. Detailléiert Informatiounen zu der Timeline huet den dat däitscht Portal klicksafe erausbruecht. Klicksafe ass wéi BEE SECURE am INSAFE netzwierk dran, an ass den däitschen Safer Zentrum. Du fenns den Link zum Guide iwwer Timeline op der Facebook page vun BEE SECURE, resp. op twitter.

En aneren Grond ass well Facebook op Bourse geet.
Ab Mee soll d’Firma op der Bourse gehandelt ginn. Et gëtt geschat dass bis zu 5 Milliarden Dollar erakommen. Den Wärt vun Facebook gëtt op 100 Mia geschätzt. Problem bleift awer dass den finanziellen Gewënn, deen Facebook mécht nach net immens grouss ass. D’Onkäschten fir d’Bedreiwen vun der Plattform sinn immens grouss an drécken ob den Gewënn. Problemer mam Dateschutz kéinten och Benotzer dozou ëmstëmmen manner Donnéeën an Facebook ze setzen. Dëst hätt dann och een Afloss op den Gewënn, deen jo fir eng Firma déi op der Bourse gehandelt gëtt een wichtegen Punkt duerstellt.

Mä, wéi kann Facebook iwwerhaapt Geld verdéngen, wann dach alles souzesoen gratis ass. Ganz graff kann een soen, dass dass duerch d’Auswäertung vun Donnéeën an den Austauschen zwëschen den Leit, Profiler erstallt ginn mat deenen Annonceuren kennen gezielten Reklammen schalten.
Wat den Profil méi detailléiert ass, oder d’Annonce méi gezielt
placéiert gëtt, dann gëtt och den Präis dofir méi deier.
– Erklärungen dozou fënnt een an 2 Video’en op der Facebook Page vun BEE SECURE: deen een erklärt wéi Facebook Geld verdéngt, an deen zweeten erklärt wéi Besëtzer vun Spiller déi op der Plattform gratis ugebueden ginn Geld verdéngen. Nennen mer d’Kand beim Numm, Zynga, dem Bedreiwer vun Farmville an ähnlechen Spiller.

Wéi gesot du fënns des 2 Video’en och op dem youtube Channel vun bee secure.

Wëlls de méi Informatiounen iwwer den Safer Internet Day2012 oder den sécheren Gebrauch vum Internet, dann surf laanscht op www.bee-secure.lu oder Like eis Facebook page enner facebook.com/BEESECURE.

Play
This entry was posted in gDossier and tagged , , , . Bookmark the permalink.