Infizéiert Macs

Salut, hei ass d’Anne vu BEE SECURE

Haut geet et ëm Paerd.

Mee ech wäert iech näischt iwwert d’Béischten, déi verschidden Haerzen méi héisch schloen loossen erzielen.

Well et geet ëm en méi désagréabelt Véih. Nämlech d’Trojanesch Paerd, kuerz: Trojaner. Si gehéiren zur Famill vun der Malware an friessen keen Hee, mee Informationen an produzéiren waitaus méi Mëscht wéi d’Véierbeener.

Wéi hoffentlech déi meescht vun iech wëssen, ass en Trojaner en Schuedrogramm, deen als prakteschen Programm, Text- oder Bilddokument kann getarnt sinn. Dëse gët an den Computer ageschleisst. En féiert dann eng Funktioun aus, déi dem User awer net genannt gëtt. Dëse Schuedprogramm leeft eegenstäneg weider an kann dofir net désaktivéiert ginn. Och wann et dann en Update gëtt deen den Schued behiewen soll.

Fir dass der dat besser verstitt muss der iech virstelle aere Computer wier en Schëff. Wann d’Schëff en Leck huet, dann leeft Waasser eran. Och wann dir datt Lach dann stoppt oder zouschweesst, ass d’Waasser awer nach ëmmer am Schëff.

Leider ginn et och nach ëmmer vill Leit, déi mengen se hätten dat sëcherst Schëff vun allen. Nämlech dat mam Aapel Logo drop. Nogewisenermoosen ginn se zwar manner vun Schuedprogrammer befall wéi aner Produiten, mee dat sollt op kee Fall dozou féiren, dass een d’Sëcherheet vun sengem Computer vernoléissegt.

Et gëtt en aktuellt Beispill dofir, dass Trojaner sech och gaer an Apple-Computeren ronderemdreiwen . Den sougenannten Flashback-Trojaner huet nämlech méi wéi eng hallef Millioun Macen infizéiert.

Experten soen, dass et zu den Infektiounen koum, well User beim Benotzen op eenzelnen Siten dozou opgefuerdert goufen, den neien Flashplayer ze installéiren. Huet een dem Installéiren zougestëmmt, hunn d’Auteuren vum Schuedprogramm Flashback de Moment genotzt fir d’Administratorpasswuert ze froen an sou hiren Programm ze installéiren.

7074325187_c0791ce2ec_h

(By mac9001 via flickr.com)

Dëse Probleem gëtt allgemeng dorop zereckgefouert, dass et Secherheetslücken am Java gouf.

Dëst betrëfft souwuel, méi al wéi och déi nei Versiounen vun de Mac OS Betriibssystemer.

Läschte Freiden huet Apple en Flashback Removal Tool verëffentlecht op deen der ganz einfach zereckgraifen kënnt andeems der aerch ukuckt, wéi eng nei Updates der proposéiert kritt. Dir klickt op den Aapel lenks uewen op ärem Ecran an wielt direkt déi zweeten Punkt „Software Update“ aus. Sollt der dëser Fonktioun nach net all ze oft begéint sinn, bitt et sech un, sech mat hir unzefrënden, well wéi gesot: Och e Schëff mat engem Aapel-Logo kann ënnergoen.

Play
This entry was posted in gDossier and tagged , , . Bookmark the permalink.