Safer Internet Day 2013

Salut hei ass d´Anne vu BEE SECURE,

Virfreed ass zwar en schéint Gefill, mä deen Zoustand muss och iergendwann en Enn fannen. Et geet lo duer! Mam Waarden. Well et ass endlech souwäit: Muer fënnt den Safer Internet Day statt.

De 5. Februar fanne weltwäit Evenementer statt, déi de Slogan „Connect with respect“ droen an sech mam Thema „Online rights and responsibilties“ ausernaner setzen. Dëst sinn béides Themen, mat deenen sech all User, ob jonk oder al, ob erfueren oder net, beschäftege muss. De Safer Internet Day ass dofir do, dass genee dës Beschäftegung net ze langweileg an ze theoretesch verleeft. Duerch Interaktioun an interessant gemeinsam Gespréischer fält et jidderengem méi liicht, dat eent oder anert am Kapp ofzespäicheren.

Et handelt sech zwar ëm eng Initiative vun der Europäescher Kommissioun mä all Land hat ganz eege Gestaltungsméiglechkeet fir de Safer Internet Day. Dat heescht d´Equipe vu BEE SECURE huet vill flott Saache geplangt.

Et dierft also fir jidderee eppes dobäi sinn:

Direkt um halwer 1 geet et lass mam Safer Lunch an der Maison de l´Europe, wou iwwer Cybermobbing diskutéiert gëtt. Vu dass et sech ëm e Probleem handelt, deen hautzedags schon an der Primärschoul säin Ufank fënnt, ass d´Meenung vu Schüler, Eltren, souwéi och vum Léierpersonal gefrot.

Um 4 Auer geet et sech dann op eng musikalesch Aart an Weis mam Thema ausenaner gesat. An der Unterführung vum Aldringer gëtt nämlech den Hip Hop Songcontest vum Service National de la jeunesse lancéiert. Ziel vum Contest ass et, är Kreativitéit ze mobiliséieren an e Lidd ze produzéieren dat de Slogan „Connect with respect“ erëmspigelt. Falls der souwuel wuerwerzeg, sou wéi och inspiréiert sidd, ass dat de richtege Rendez-Vous fir iech.

Um hallwer 8 gëtt dann am Gebai vun der BGL PNB Paribas iwwert en Thema geschwat, dat jidderee betrëfft deen anerer online gär duerch Fotoen un sengem eegene Liewen deelhuele léisst. D´Thema Bildrechter war nach ni sou aktuell, wéi elo an genee dofir schwätze bei der Table ronde ënner anerem de Thierry Lallemang vun der Commission Nationale pour la protection des données an den Romy Schmitt vum Ministère de l´Education nationale et de la formation professionnelle mat. Ausserdem diskutéieren och de Georges Knell vun der BEE SECURE STOPLINE / HELPLINE an d´Caroline Mart vu RTL Telé Lëtzebuerg mat.

Et soll een sech natierlech net just op deem Dag mat deenen Thema befaassen, dofir bitt BEE SECURE am Februar an am Mäerz nach Workshops zu den Theme wéi droits d´auteur, Online Reputation an och zu Creative Commons un.

Weider Information zu dëse Workshops an zum Safer Internet day fannt dir op beesecure.lu.

Ween iwregens leider net kann mat dobäi sinn, deen kann sech de Safer Lunch an d´Table ronde iwwert de Livestream ukucken.

Play
This entry was posted in gDossier, Uncategorized and tagged . Bookmark the permalink.