Internet of Kadoen

Dir hutt sécherlech scho vum „Internet of Things“ héieren, also den Internet vun de Saachen. Domadder ginn am Fong Geräter benannt, déi sech mam Internet verbanne kënnen. Dat kënne Webcams sinn, Steierunge fir d‘Heizung, den Öffner fir d‘Garage, Spillsaachen oder sougenannt digital Assistente wéi den Alexa vun Amazon oder de Google Assistant.

An der Chrëschtdagszäit léien ëfters emol sou elektronesch Geräter ënnert dem Beemchen. Wien sech iwwerleet, esou Geräter ze verschenken, sollt sech do virdrun awer e puer Gedanke maachen. Zum Beispill, wat fir eng Donnéeën sou Apparater sammelen an un wien se déi viru ginn. Oder ob et iwwerhaapt néideg ass, zum Beispill eng Popp ze verschenken, déi „smart“ ass an sech mam Internet verbanne kann. Dacks gi méi traditionell Geräter ouni déi Funktionalitéit jo och duer. Wann een sech awer fir esou een „smarte“ Kado entscheet, sollt een sech virum Kaf gutt informéieren an am Beschte Fall och Testberichter liesen. Do fënnt een zum Beispill eraus, wat fir Fitnessarmbänner dann elo wierklech den Datenschutzrichtlinie Rechnung droen a wat fir welcher onsécher sinn.

Et gëtt dann awer an dëser Woch och nach een Evenement, wou dir méi gewuer kënnt ginn. Am Kader vu senger Campagne BIG DATA organiséiert BEE SECURE nämlech ee Mol de Mount de Privacy Salon. Dat ass een oppent Evenement, bei dem all déi, déi interesséiert sinn, wëllkomm sinn. Si kënne Virträg vun Experten aus verschiddene Beräicher nolauschteren. Duerno ass da vill Zäit, fir all méiglech froe ronderëm Big Data a Privatsphär ze stellen an sech zu dësen Themen auszetauschen. De nächste privacy salon ass de 6. Dezember, also dëse Mëttwoch. Sou kuerz viru Chrëschtdag wäert et dann och iwwert den Internet of Things a Kadoe goen, de Motto ass nämlech „Internet of Xmas Things“.

Dat ganzt ass wéi gesot de 6. Dezember, an dat am Hackerspace „Level 2“ an der Stad an der Géigend vun der Gare. Den Event geet um Siwen Auer owes lass.

Wien méi iwwert BIG DATA wëll gewuer ginn, kann sech d‘BIG DATA-Kampagne vu BEE SECURE op bee-secure.lu ulauschteren. Do fannt dir awer och eisen Dossier zum Internet of Things mat villen Tipps, wouropper ee beim Kaf vun engem connectéierte Gerät sollt oppassen.

Event: https://www.privacysalon.lu/next-digital-privacy-salon-06-12-17-internet-of-xmas-things/

Play
This entry was posted in gDossier. Bookmark the permalink.

Leave a Reply