Néi Trends beim Facebook-Messenger

Mat 1,3 Milliarden User ass de Facebook-Messenger de meeschtbenotzen Messenger op der Welt. Ähnlech vill User huet just Whatsapp. Déi App gehéiert mëttlerweil zwar och zu Facebook, léisst sech awer nach ëmmer ouni Facebook-Account benotzen. Nieft chatten kann een mam Messenger och Video-Telefonéieren, Sproochnoriichten, Fotoen, Dateien asw. verschécken. An den USA kann een esouguer mam Messenger bezuelen.

Do gëtt et zanter kuerzem och eng App fir Kanner. Déi dierfen Facebook zwar räicht mat 13 Joer benotzen, fir User vun 6 bis 13 Joer gëtt et awer elo „Messenger Kids“. Verschidden Organisatiounen warnen mëttlerweil virdrun, sou jonk Kanner iwwert eng App chatten ze loossen, well hinnen dat néideg Verständnis dofir feele géif. Allerdéngs huet „Messenger Kids“ fir Elteren vill Virdeeler: Si kënnen bestëmmen, mat wiem kommunizéiert ka ginn an ginn och benoriichtegt, wann hir Kanner Contenu u Facebook mellen. An Europa an domadder zu Lëtzebuerg gëtt et „Messenger Kids“ nach net. Et ass och net bekannt wéini et esouwäit sollt sinn.

Een aneren Trend sinn déi sougenannt „Chatbots“. Mat deenen virtuellen Programm kënnen Firmen oder aner Organisatiounen hire Clienten Informatiounen automatesch matdeelen. Verschidden Fluchgesellschaften hunn ewell Chatbots, iwwert déi sech Informatiounen zu Reessen erfroen oder esouguer Ticketen buchen loossen.

Och am Beräich vum Online-Dating gëtt et Chatbots, zum Beispill „neargroup“. Amplaz vu Fotoen soll een hei mat selwer kreéiertem Contenu zur Léift fannen. Allerdéngs sollt een bei esou Chatbots virsiichteg sinn: Et ass net ëmmer ganz kloer, wat fir eng Donnéeën un déi Firmen, déi d‘Chatbots ubidden, iwwerdroe ginn. Dofir sollt een, iert een esou Funktiounen benotzt, genee recherchéieren, wat dat heescht.

Grondsätzlech sollt een oppassen, wat fir een Messenger een benotzt. De Contenu vum Facebook Messenger ass nämlech net Enn-zu-Enn verschlësselt. Dat heescht, dat aner Leit eventuell matliesen kënnen, wat een esou schreift oder verschéckt. Dofir ass et eng gutt Iddi, fir een verschlësselten Messenger ze benotzen. Een dovunner ass Signal, deem seng Verschlësselung am allgemengen als ganz gutt gëllt.

Weider Informatiounen zu dësem Thema an generell zur Internetsécherheet fannt dir wéi gewinnt op bee-secure.lu

Play
This entry was posted in gDossier. Bookmark the permalink.