Ass Hate Speech illegal?

Nodeems mir eis déi läscht Episoden iwwert Shitstorms an Trolls geschwat hunn, schwätze mir haut direkt iwwert e weidert Thema, dat BEE SECURE am Kader vu senger SHARE RESPECT – Stop online hate Speech-Campagne lancéiert huet. Dëse Mount geet et am Dossier nämlech ëm d‘Thema „rechtlech Konsequenzen“.

Wann een iwwer rechtlech Konsequenze vun Hate Speech schwätzt, muss een vläicht als éischt iwwer Meenungsfräiheet schwätzen. Dacks gëtt Meenungsfräiheet esou verstanen, datt se bedeite géif, et dierft een alles soen. Mä kee vun eise Rechter kënnt ouni Barrièren aus – mäi Recht geet ëmmer nëmmen esou wäit, wéi ech net d‘Rechter vun anere verletzen. Hate Speech ass zu Lëtzebuerg keng extra Stofdot, mä dofir ginn et e puer Artikele vum Code Pénal, mat deenen Hate Speech verfollegt gëtt. Am wichtegsten ass d‘Kapitel Sechs vum Code Pénal. Doranner steet, datt et zwee Elementer muss ginn, fir datt een eng strofrechtlech Relevant Diskriminéierung begeet: Et muss Ustëftung zum Haass oder zur Gewalt sinn, déi sech géint eng speziell Grupp oder Persoun riicht. Ausserdeem muss déi Ustëftung ëffentlech verbreet ginn. Ustëftung zum Haass heescht, datt d‘Aussoen hir Lieser dozou brénge sollen, eng Persoun oder Grupp wéinst Eegenschafte wéi Hierkonft, Hautfaarf, Geschlecht, sexuell Orientéierung an sou weider ze haassen oder hinne Gewalt unzedoen.

A wéini ass eng Ausso dann elo ëffentlech? Wann d‘Geriichter déi Fro beäntwerten, kucken se net op d‘Privatsphärastellungen vun engem sozialen Netzwerk, mä op de Grupp vu Leit, déi eng Ausso gesinn hunn. Wann et op mannst 150 Leit sinn, gëllt eng Ausso zu Lëtzebuerg als ëffentlech. Strofrechtlech relevant kënnen also och Aussoen an enger privater Facebook-Grupp sinn, déi just fir Memberen op ass. Op Ustëftung zum Haass stinn héich Strofen: bis zu aacht Joer Prisong an oder Geldstrofe vu bis zu 25.000 € si méiglech.

A wat kann ee maachen, wann een Hate Speech am Internet gesäit? Vill sozial Netzwierker hunn eng Funktioun, bei där een Hate Speech melle kann. Et ass wichteg, datt een sech Zäit hëlt an hei déi richteg Kategorie auswielt. Leider hu vill sozial Netzwierker hire Setz an den USA an halen sech un déi amerikanesch Opfaassung vu Meenungsfräiheet, déi vill méi wäit geet wéi an Europa. Wa vill Leit Contenu mellen, gesinn Netzwierker wéi Facebook oder Twitter, datt ee Problem besteet. Et sollt een sech also och net vu Réckschléi enttäusche loossen. Donieft gëtt et d‘Méiglechkeet, Hate Speech bei der BEE SECURE Stopline ënnert stopline.bee-secure.lu ze mellen. All Fall gëtt gepréift. Wann sech de Verdacht op Hate Speech bestätegt, gëtt de Fall un d‘Police weidergeleet. Weider Informatiounen zum Thema Hate Speech an de legale Kader fannt dir op bee-secure.lu

Play
Posted in gDossier | Comments Off on Ass Hate Speech illegal?

Wat ass eigentlech ee Shitstorm?

D‘läscht Woch hu mir op dëser Platz eis jo ugekuckt, wat een Troll ass a wéi een mat deenen ëmgoe kann. Dës Woch werfen ech de Bléck op een Phänomen, deen am Fong e bëssi Famill ass mam trolling, nämlech de Shitstorm.

Wat ass eigentlech ee Shitstorm? D‘Wuert ass Englesch an heescht „Stuerm aus Schäiss“. Et geet dobäi ëm eng emotional opgelueden Diskussioun, déi sech an ganz ville rosene Postings oder Kommentaren entluet. Zilscheif sinn dacks Firmen, Organisatiounen, Parteien, Politiker oder Produkter. Duerch Liken an Deelen an sozialen Netzwierker gëtt et een Schnéiballeffekt: ëmmer méi Leit gesinn de Shitstorm a bedeelegen sech. Charakteristesch fir Shitstorms ass, datt d‘Kommunikatioun enorm emotional ass an fir rational Argumenter bal keng Plaz méi ass. Doduercher gëtt et fir all déi Betraffe schwéier, aus dem Däiwelskrees eraus ze kommen.

Et gi vill Shitstorms, déi géint eng Firma ginn – an dacks sinn d‘Grënn dofir fir vill Leit nozevollzéien. Och wann den Tounfall do dacks ze wënschen iwwreg léisst, huet dat awer méi mat Firmenkommunikatioun ze di wéi mat Hate Speech. Geféierlech gëtt et do, wou sech Shitstorms géint kleng Gruppen oder esouguer eenzel Persoune riichten. Virun allem jonk Fraen, déi am Internet hir Meenung soen, ginn dacks Affer vun sou Shitstorms a musse wochelaang Haass-Messagë liesen. Sou zum Beispill déi däitsch Politikerin Julia Schramm oder d‘Feministin Jasna Strick. E gutt Beispill ass och déi sougenannt „Gamergate“-Affär, wou et wochelaang Shitstorms géint Kritikerinne wéi d‘Zoe Quinn oder d‘Anita Sarkeesian gouf.

Wann een selwer am Mettelpunkt vun engem Shitstorm steet, sollt een als alleréischt versichen, sech selwer ze schützen. Dozou gehéiert d‘Sécherheet vun den eegenen Accounts, déi iwwerpréift sollt ginn. Ausserdeem sollt een versichen, sou vill wéi méiglech privat Donnéeë vum Netz ze huelen an verëffentlecht Informatiounen erëm läsche loossen. All Dreeung sollt dogéint dokumentéiert ginn, dat heescht et sollt een vun alles Screenshots maachen an déi och op engem Stick oder an der Cloud späicheren. Domadder kann een da spéider bei d‘Police goen an Plainte maachen. Mord- a Vergewaltungsdrohungen si kee Kavaléiersdelikt an sollten op alle Fall bei der Police gemellt ginn. Dee wichtegsten Aspekt ass awer, sech Hëllef ze sichen. Wann een Zil vun engem Shitstorm ass, sollt een aner Leit seng social media Kanäl monitoren loossen, fir selwer méiglechst wéineg liesen ze mussen. Hëllef kann een och bei BEE SECURE op der Helpline fannen. Weider Informatiounen zu dem Thema an vill weider Ressourcen zum Thema Shitstorms fannt dir an eisem Dossier op bee-secure.lu

Play
Posted in gDossier | Comments Off on Wat ass eigentlech ee Shitstorm?

Wat ass eigentlech een Troll?

An Diskussiounen am Internet kommen si ëmmer erëm vir: Trollen. De Begrëff kënnt am Fong aus den Urzäite vum Internet. Deemools gouf et zwar nach keng sozial Netzwierker, wéineg Fotoen an och un emojien huet nach kee geduecht. Mä Diskussiounsforen, déi gouf et schonn – an och deemools hunn sinn Leit opgefall, déi mat hiren Diskussiounsbeiträg just provozéiere wollten. An déi kruten dunn de Numm „Troll“. Ziel vum Troll ass, muttwëlleg eng Diskussioun auszeléisen an rosen Äntwerten ze kréien. Dofir benotzen Trolls natierlech méiglechst kontrovers Meenungen, déi si aggressiv verteidegen. Et ass och net ëmmer einfach, fir den Ënnerscheed tëschent engem Troll an engem User, dee vu sengem Hate Speech iwwerzeegt ass, ze erkennen. Trolling fënnt een awer net just an Diskussiounen, mä och an anere Formen: Zum Beispill gi schockéierend Biller oder Videoe verschéckt oder an Chats vun Online-Spiller Leit beleidegt. Ziel ass et ëmmer, eng rose Reaktioun ze kréien an eng onangenehm an destruktiv Atmosphär ze schafen.

Dacks gëtt gesot, datt Trolls virun allem jugendlech Männer sinn, déi wéineg Erfarung mat soziale Situatiounen hunn an d‘Grenzen austeste wëllen. Mä Studien, déi Trolls ënnersicht hunn, ginn Hiweiser dorobber, datt et Trolls an allen Altersklasse gëtt. Vill Leit, déi an Befroungen uginn, ze trollen, hunn eng staark sadistesch Oder. Déi däitsch Zeitung FAZ huet een Troll interviewe kënnen. Deen huet als Erklärung fir säi Verhale gesot: „Provozieren, das ist wie ein Orgasmus“. Vill Trolls sinn och staark narzisstesch gepräägt. Dat heescht, datt si wäit net esou harmlos sinn, wéi se vläicht heiansdo duergestallt ginn.

Wéi soll een mat Trolls ëmgoen? Eng al Internet-Weisheet seet: „Don‘t feed the troll“, also: Fidder den Troll net. Wa keen op d‘Provokatioun ageet, gëtt trolling séier langweileg an de Problem léisst sech souzesoe vum Selwen. Dat war a relativ klengen Online-Communities wéi Diskussiounsfore liicht méiglech, an sozialen Netzwierker, wou vill User nach ni vun esou implizitte Reegelen héieren hunn, geet dat awer net méi. Et ass engersäits schwiereg, Trolls ze erkennen an anersäits wäert et ëmmer Leit ginn, déi d‘Aussoe vum Troll net als trolling erkennen oder him esouguer zoustëmmen. Dofir ass et wichteg, datt sech d‘Community-Manager oder Admins vun enger Säit Zäit huelen, fir Diskussiounen ze verfollegen an Trolls héiflech, mä bestëmmt dozou opfuerderen, sech ze behuelen. Fir normal User kann et eng Strategie sinn, Trolls lächerlech ze maachen, ouni op si anzegoen. An den Urzäite vum Internet sinn d‘Trolls dofir mat engem virtuelle Fësch gefiddert ginn. Haut géif et dofir souguer Emojis ginn.

Wéider Informatiounen iwwert de Phänomen Trolls fannt dir an eisem Dossier SHARE RESPECT – stop online hate speech op bee-secure.lu

Play
Posted in gDossier | Comments Off on Wat ass eigentlech een Troll?

Vu Freaks zu Helden: Geek Pride Day

Zanter 2006 gëtt et een neie Feierdag, deen ëmmer méi u Wichtegkeet gewënnt. Riets ass vum sougenannten „Geek Pride Day“. Et ass zwar keen offizielle Gedenktag, mä eng privat Initiative, déi vu Spuenien aus gestart ass an déi ganz Welt eruewert huet. Gläichzäiteg ass et den „Towel Day“, deen Dag also, op dem d‘Fans vum Science-Fiction Auteur Douglas Adams – zum groussen Deel och Geeks – de ganzen Dag mat engem Duch ronderëm lafen – sou wéi eben d‘Protagonisten am Adams sengem Roman „Per Anhalter durch die Galaxis“.

De Begrëff „Geek“ kënnt vum Däitschen „Geck“, dat mir am Lëtzebuergesche jo nach als „De Geck mat engem maachen“ kennen. Geek war ursprénglech eng ofwärtend Bezeechnung fir Leit, déi enthusiastesch an engem bestëmmte Gebitt oder Hobby sinn, wéi zum Beispill Mathe, Informatik oder ebe Science-Fiction. Geeks gëtt nogesot, net immens sozial oder sportlech ze sinn an och wéinst hiren Interessen Aussesäiter ze sinn. Een ähnleche Begrëff ass „Nerd“.

Zanter e puer Joer ass Geek-sinn awer schick ginn. Net nëmmen, dat deck Brëllen an Héichwaasserboxen op een Mol am Trend waren, mä et ass haut och net méi verpönt, sech fir Mathe, Informatik oder soss Naturwëssenschaften ze interesséieren. Och doduerch, datt vill vun der „Geek Culture“ wéi Fantasy, Science-Fiction oder Superhelden am Mainstream ukomm ass, huet sech d‘Bild geännert. Net zu läscht hu Serië wéi „The Big Bang Theory“ dozou gefouert, datt Geeks cool gi sinn. Mä am Fong ass et och d‘Bewosstsinn, datt de technologesche Wandel vun de leschte Joerzéngten just duerch Geeks erméiglecht ginn ass, datt d‘Geeks schick gemaach huet. Computer, Internet, Smartphonen – all déi Saache sinn vun Aussesäiter entwéckelt ginn. An an Zukunft wäerte mir vill méi Geeks brauchen, fir dës Entwécklunge weider ze dreiwen.

Dofir wonnert et och net, datt déi sougenannt MINT-Fächer, also Mathematik, Informatik, Naturwëssenschaften an Technik staark gefërdert ginn. Mä och dat praktescht Bastelen, Ausprobéieren, Testen an Entwéckele gëtt ëmmer fir méi Schüler accessibel. Dat zum Beispill am Cader vu BEE CREATIVE. BEE CREATIVE ass d‘Schwësterinitative vu BEE SECURE, déi iwwerall a Schoulen am Land Makerspaces ageriicht huet. Do kënne Schüler mat 3D-Printeren, Laserfräsen an anerem Geschir alles Méigleches ausprobéieren. Mä och ganz vill aner Initativen a Veräiner erméiglechen et, geeky Hobbyen an Interessen auszeliewen an Saachen ze testen. Sou zum Beispill den hackerspace level2 zu Bouneweg. Weider Informatiounen an och d‘Links zu den Initiativen wéi maker- an hackerspace fannt dir op bee-secure.lu

Geeky“ Initativen zu Lëtzebuerg:

BEE CREATIVE Makerspace

syn2cat – Geek and Hacker Community und Hackerspace

GeekGirlsCarrots Luxembourg

Frënn vun der Ënn

Science Fiction & Fantasy Society Luxembourg
LuxCon

Play
Posted in gDossier | Comments Off on Vu Freaks zu Helden: Geek Pride Day

Wéi kann ech mech virun der Ransomware „WannaCry“ schützen?

Play

Zanter läschtem Freiden ass eng néi Ransomware ennerwee, déi sech rasant schnell verbreed huet. Un d‘Effentlechkeet koum déi grouss Attack och dowéinst, well zum Beispill Kliniken an England oder d‘Deutsche Bahn an Däitschland betraff waren. Op de Bildschirmer, ob deenen soss d‘Offahrtszäiten vun den Zich ze gesinn sinn, war eng Leisegeld-Fuederung ze gesinn. Wéi bei all Ransomware ginn och hei Dateien vum infizéierten Computer verschlësselt. De User soll dann e Léisegeld an der Krypto-Währung Bitcoin bezuelen, fir datt déi erëm entschlësselt ginn. WannaCry ass awer net wéi normal per Email, mä iwwert eng Sécherheetslück an Windows verbreed ginn.

Wéi kann een sech virun WannaCry schützen? Et gëtt schon zanter März een Secherheetsupdate vu Microsoft, an deem d‘Schwachstell, déi vu WannaCry ausgenotzt gëtt, gefixt gëtt. Deen Update ass elo och vir all Windows-Versiounen erauskomm, esouguer fir den eigentlech veraalten an net méi supportéierten Windows XP. Dir sollt dësen Update op alle Fall installéieren. Am beschten ass et, déi automatesch Updatefunktioun vun Windows ze benotzen an sou dofir ze suergen, datt de Computer ëmmer um néisten Stand ass. Och är aaner Applikatiounen sollt dir regelméisseg updaten.

Generell ginn et nach e puer aaner Tipps, mat deenen dir iech präventiv virun all Zort Malware schütze kënnt.

Een Screenshot vun “Wanna Cry”

Déi wichtegst an effektivst Moossnahm géinst Ransomware ass et, reegelméisseg Backups ze maachen, entweder an d‘Cloud oder op enger externer Festplatt. Déi sollt net stänneg un de Computer ugeschloss ginn, soss ass de Backup och a Gefor. Wann dir är Donnéeën entzwousch aanescht gespäichert hutt, sidd dir net vun Ransomware erpressbar.

Et soll een och ëmmer virsichteg beim Emgang mat Emailen sinn. Klickt keng Links a maacht keng Attachments op, vun deenen dir net sécher sidd, datt se an enger legitimer Email stinn. Dat gëllt net nëmmen fir Mailen vun Friemen, mä och vu Bekannten. Vill Trojaner benotzen nämlech d‘Adressbuch an d‘Emailsadress vun hirem Affer, fir sech ze verbreeden. Dofir ass et besser, am Zweifelsfall nach eng Kéier nozefroen, ob deen Attachment tatsächlech fir een war.

Wat soll een dann elo maachen, wann de Computer vun enger Ransomware infizéiert gouf? Natierlech kéint deen een oder aaneren mat der Iddi spillen, d‘Léisegeld ze bezueln, fir erëm Access op seng Donnéeën ze kréien. Et sollt een dat allerdéngs op kee Fall maachen. Éischtens ënnerstetzt een domadder d‘Akitivtéiten vun de Kriminellen, zweetens gëtt et keng Garantie, datt een iwwerhaapt e Schlëssel kritt, fir de Computer ze entschlësselen. Wéider Informatiounen zum Thema Ransomware fannt dir mat Links zu de Windows-Updates op bee-secure.lu

 
Wéider Informatiounen: Continue reading

Posted in gDossier | Comments Off on Wéi kann ech mech virun der Ransomware „WannaCry“ schützen?

Ultraschall-Spyware an Android-Apps

Play

Iwwert de Weekend huet d‘Meldung sech lues a lues verbreed: Fuerscher vun der TU Braunschweig hunn an iwwer 200 Android-Apps eng ganz speziell Spyware entdeckt. Riets ass vun „Silverpush“, eng Software, déi et méiglech mécht, Smartphones per Ultraschall ze tracken. Domadder ass et relativ einfach méiglech, een User iwwer e puer Geräter ze verfolgen.

Am Abrëll 2015 haten d‘Fuerscher déi Technologie just an sechs Apps fonnt, elo sinn et der schonn 234. D‘Silverpush-Technologie fënnt sech deelweis och an Apps vu groussen Firmen wéi MacDonalds. Virun allem am südostasiateschen Raum gouf et vill Apps mat Silverpush.

Wéi funktionéiert dat ganzt? Ultraschall ass Toun, deen op enger Frequenz moduléiert ass, déi eis Oueren net heiren kënnen. Fir Computerlautspriecher an Smartphone-Mikroen ass et awer keen Problem, dës Téin ze produzéieren oder ze empfänken. An der Theorie kéint zum Beispill een Fernsehsender sou een Ultraschall-Beacon aussenden, während Reklammen laafen. Den Handy vum User empfängt deen Ultraschall-Datenpaket an wéist eng Informatioun um Display un, zum Beispill een Coupon, mat deem een ee Produit méi bëlleg kritt. Och an Supermarchéen selwer wier et méiglech, sou d‘User iwwer hir Handyen ze kontaktéieren. Dat ass dann Deel vum sougenannten „location based marketing“, also Marketing, deen dovunner ofhänkt, wou een sech grad ophält. De Nodeel vun der Technologie ass awer séier kloer: Et ass doduerch nach méi einfach, den User ze tracken an zum Beispill och matzeschneiden, ween wéini a wat fir een Geschäft geet – ganz ouni datt d‘GPS-Funktioun vum Handy ageschalt wier.

Mat Ultraschall-Spyware kann den Handy liicht an d’Netz vun Datensammeleren kommen

Doduerch, datt jo och Websäiten Toun kënnen ofspillen, ass et prinzipiell méiglech, och d‘Notzung vu gewëssen Säiten ze tracken an esou och rauszefannen, wat fir een Computer zu wat fir engem Handy passt – domadder kéinten Firmen, déi Donnéeë vu User sammelen, nach méi een detailliert Profil zesummenstellen.

D‘Fuerscher vun TU Braunschweig hunn dann och Websäiten an Fernsehsenderen op Ultraschall-Beacons ënnersicht, hunn do awer keng fonnt. Dat heescht awer net, datt Silverpush eng harmlos Technologie ass. Leider ginn et nach keng sécher Methoden, fir sech virum Ultraschall-Tracking ze schützen. Am Internet fannt dir Lëschten mat deeenen Apps, an deenen d‘Fuerscher Silverpush entdeckt hunn. Am Zweifelsfall sollt dir iech iwwert all App, déi dir installéiert, am Viraus informéieren. Ween op Nummer Sécher wëll goen, kann verdächtegen Apps d‘Recht entzéien, de Mikro vum Handy ze benotzen.

Wéider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir op bee-secure.lu

Quellen: Continue reading

Posted in gDossier | Comments Off on Ultraschall-Spyware an Android-Apps

Onsiichtbaren Phishing?

Dir hutt sécher alleguerten schonn mol vum Phänomen Phishing héieren. Dat Wuert setzt sech aus de Begrëffer „Password“ a „Fishing“ zesummen, soll also sou eppes wéi „Passwuert-Fëschen“ bedeiten. Gemengt sinn domadder Methoden, User dozou ze bréngen, hir Passwierder ze verroden – am beschten sou, datt se guer kee Verdacht hunn.

Wéi kréien ech als Kriminellen eng Persoun dozou, mir hiert Passwuert fir zum Beispill hiren Gmail-Account ze verroden? Ma ech bauen einfach eng Säit, déi genee esou ausgesäit wéi de Login vun Gmail. An dann verschécken ech einfach ganz vill Emails un ganz vill verschidde Leit. An deenen Emails geet dann zum Beispill dovunner riets, datt een den Account iwwerpréiwe misst. Ouni sech vill ze denken klicke vill User op de Link, gesinn een Formulär, dat bekannt ausgesäit a ginn hir Login-Donnéeën an. Domadder hunn déi Kriminell Zougang zu der Emailsadress vum Affer. Wann dat elo och nach iwwerall dat selwecht Passwuert benotzt huet, kann een vläicht och un d‘Kreditkaartedonnéeë kommen oder soss kriminell Saachen bedreiwen.

D’Wuert “Phishing” kënnt vun “Password Fishing”

Eng gutt Method, fir sech virun Phishing-Attacken ze schützen war bis elo ëmmer, op d‘URL vun dem Link ze kucken, deen een geschéckt krut. Wann dat zum Beispill net gmail.com, mä iergendeppes aneres war, konnt een dovunner ausgoen, datt de Link zu enger Phishing-Attack gehéiert huet. Allerdéngs ass dat net méi sou einfach. Zanter 15 Joer ginn et nämlech net nëmmen URLen mat dem Standard-laténgeschen Alphabet, mä Domains kënnen aus dem ganzen Unicode-Zeechensatz bestoen. Dat heescht, datt vill aner Schrëften, zum Beispill déi japanesch, chinesesch oder kyrillesch Schrëft ka benotzt ginn, fir Domains ze registréieren. Zanter 15 Joer kënnen also och ü, ä an ö an Domains benotzt ginn, virdrun war dat net méiglech. De Problem dobäi ass awer: Et ginn ëmmer erëm Zeechen an aneren Schrëften, déi deenen aus der laténgescher Schrëft immens ähnlech sinn. Sou kann een zum Beispill mat Buchstaawen aus dem kyrilleschen Zeechesaz d‘Domain apple.com bastelen. Déi gesäit fir dat mënschlecht Aen genee esou aus wéi déi normal apple.com, mä well et technesch aner Zeechen sinn, ass et eng aner Domain.

Fir Krimineller, déi Phishing asetzen, ass dat natierlech eng grouss Chance. Si kënnen hir Affer mat där Method nach méi einfach hannert Liicht féiren. Et gëllt dowéinst, bei all Mail duebel ze kucken, vu wiem se ass an och net all Domain blann ze vertrauen. Bis elo hunn déi grouss Browser-Hirsteller nach net reagéiert – et bleift also un all User, fir selwer gutt opzepassen an un d‘Méiglechkeet vum Phishing ze denken. Am Firefox kann een eng Astellung setzen, mat där een falsch Domains erkenne kann, allerdéngs ass dëst relativ komplizéiert. Dir fannt d‘Erklärung dozou op podcast.bee-secure.lu

Link zur Erklärung: heise.de

Play
Posted in gDossier | Comments Off on Onsiichtbaren Phishing?

Sécher an d‘Ouschtervakanz

Elo ass et endlech erëm sou wäit, et ass Ouschtervakanz. Vill Leit zu Lëtzebuerg notzen déi Zäit, fir an d‘Vakanz ze fueren. Sief et déi läscht Geleenheet vum Joer ze notzen, fir an d‘Skivakanz ze fueren oder déi fräi Zäit ganz enzwousch aanescht ze verbréngen: Egal wou dir hifuert, et ginn e puer Saachen, ob déi dir op alle Fall oppassen sollt.

Ween an der Vakanz ass, well déi genéissen – mä awer vläicht och déi eng oder aaner Foto mat senge Kollegen deelen. Ween Fotoen aus der Vakanz online post, sollt enorm gutt op d‘Privatsphäranstellungen opassen. Dat gëlt natierlech och fir Statusupdates oder soss Postings aus der Vakanz. Öffentlech Postings iwwert eng Vakanz sinn nämlech eng Invitatioun fir Abriecher. Virun allem dann, wann är Adress oder är Uertschaft och op ärem Facebook-Profil verëffentlecht sinn. Ween an der Vakanz net einfach mol op social media verzichte well, sollt virun der Reess seng Privatsphäreastellunge gutt iwwerpréifen. Ween onbedengt ëffentlech Fotoen poste well, zum Beispill op instagram, deen sollt dat am beschten no der Vakanz maachen.

Mat där Taktik muss een sech dann och keng Suergen iwwert Roaming-Gebühren maachen. Fir vill vun eis wäerten d‘Ouschtervakanz déi läschte Kéier sinn, datt Roaming iwwerhaapt nach een Thema ass. Vum Juni 2017 un wäerten déi Käschten an der EU nämlech Geschicht sinn. Bis dohinner gëlt: Ween keen Roaming-Zousatzpaket gebucht huet, stellt d‘Daten-Roaming-Funktioun vu senge Geräter oof. Sou schützt een sech viru schlechten Iwwerraschungen op der nächster Handysrechnung.

Vill Leit, déi ënnerwee sinn, benotzen den WLAN vum Hotel oder vun engem Cafe oder Restaurant. Een oppent WLAN ass allerdéngs eng Gefor fir är Donnéeën, zum Beispill är Passwierder. Passt dowéinst op, an engem oppenen WLAN just verschlësselt Verbindungen ze benotzen. Ween Zougrëff op een VPN huet, sollt deen onbedengt benotzen.

Den Handy huet awer net nëmmen Geforen, mä kann an der Vakanz och hëllefen: Lued iech Apps wéi Reiseführer, fir den Öffentlechen Transport oder Offline-Kaarten virun der Vakanz erof an test se. Sou kënnt dir och ouni Roaming d‘Virdeeler vun ärem Smartphone notzen. Zum Beispill, wann dir iech am Groussstadtdschungel verlaaf hutt an eng Navigatiounsapp benotze kënnt, vir äre Wee erëmzefannen. Och eng App, mat där dir ären Handy am Fall wou e géif geklaut ginn, lokaliséiere kënnt, ass eng Investitioun, déi sech lount.

Dee wichtegsten Tipp fir d‘Ouschtervakanz ass awer, d‘Vakanz ze genéissen. An dozou gehéiert och, den Handy heiansdo auszeschalten. Weider Informatiounen zu dësen Themen fannt dir op bee-secure.lu

Play

Wéider Informatiounen:

BEE SECURE Dossier „Auf Reisen“
BEE SECURE: „Urlaub, soziale Netzwerke und Internet: Big Data für Einbrecher“

BEE SECURE Factsheet: Mein Urlaub, meine Cloud und ich

BEE SECURE Podcast: Sinn Vakanzefotoen geféierlech?

BEE SECURE Podcast: Mam Smartphone an d‘Vakanz?

BEE SECURE Podcast: Ech paacke meng Valiss an huele … mat

Posted in gDossier | Comments Off on Sécher an d‘Ouschtervakanz

Schwätzend Katzen an aaner Hoaxes

De Samschden war den 1. Abrëll – een Dag, wou Falschmeldungen näischt ongewéinlches sinn. Vill Medien a Firmen maachen sech ee Spaass dorausser, hir Lieser an den Abrëll ze schécken. Leider kurséieren am Netz ganz vill Falschmeldungen – sougenannt Hoaxes. Déi sinn dacks just dofir do, fir Panik ze verbreeden. Mir kucken eis dofir haut e puer aktuell Hoaxes méi genee un.

Em eng Katz, déi schwätze kann, geet et beim „Talking Tom“-Hoax. Et ginn och aaner Nimm benotzt, nämlech Talking Angela an Talking Ginger. Et geet ëm eng App, wou een sech mat engem virtuellen Charakter, eben den Talking Tom oder d‘Talking Angela ënnerhaale kann. Et gëtt behaapt, „Talking Tom“ géif vun engem Pädophilen bedriwwen ginn, an et kéint een dem seng Emrëss an de Pupillen vun der virtueller Katz entdecken. D‘App géif de Kanner och intim Froen iwwert hier Hierkonft an hier Bezéiungen stellen. Dat ass natierlech alles zimmleche Blödsinn. D‘App ass eng Spaß-App, déi natierlech net vun engem Pädophilen bedriwwe gëtt an och keng perséinlech Donnéeë späichert. Allerdéngs gëtt et een Kanner-Modus. Wann deen ausgeschalt ass, stellt d‘App och méi „erwuessen“ Froen. Zum Beispill, wéi d‘Frendin oder de Frend heeschen. Well deen Kanner-Modus relativ einfach durch deen Klick op een Symbol ausgeschalt ka ginn, kann dat och onabsichtlech passéieren. Doranner ass wahrscheinlech den Ursprong vun dem Hoax ze fannen.

Hoaxes ginn am Moment gären per Facebook-Statusmeldung oder per WhatsApp-Kettenbréif gedeelt. An iwwert WhatsApp handelt och een méi aalen Hoax, deen am Moment erëm néien Opschwong kritt. Riets ass vun der angeblecher „Gold Versioun“ vun WhatsApp. Emmer erëm kënnt dat Gerücht op, et géif eng geheim, gëllen Versioun vun WhatsApp, déi speziell Funktiounen sollt hunn. Och dat ass natierlech Kaabes. Et gëtt just eng Versioun vun WhatsApp, an dat ass déi, déi dir an deenen offiziellen Appstores erofluede kënnt. Op keen Fall sollt dir eng WhatsApp-Versioun vun enzwousch aaneschters installéieren, well et sech bei sou Versiounen gären ëm Malware handelen kann.

Wéi kann een dann elo Hoaxes erkennnen? Hoaxes kommen ëmmer ouni seriéis Quell. Dacks sinn sech an engem paneschen, alarmisteschen Tounfall geschriwwen. Et gëtt een och ëmmer opgefuedert, den Text weider ze verbreeden. Op Säiten wéi Mimikama.at oder Snopes.com kënnt dir esou gutt wéi all hoax fannen. Soss hëlleft och ëmmer eng Sich nom Schema „Stéchwuert Hoax“. Falschmeldungen speziell iwwer Flüchtlingen ginn op hoaxmap.org entlarvt.

Wéider Informatiounen zum Thema Falschmeldungen am Internet fannt dir an eisem Dossier zu dem Thema op bee-secure.lu

Play
Posted in gDossier | Comments Off on Schwätzend Katzen an aaner Hoaxes

Opassen bei Online-Strategiespieler

Un der Spëtzt vun den Appstore-Charts fënnt een ëmmer erëm Titelen wéi „Clash of Clans“ oder „Clash Royale“. Och duerch Reklammen an aneren Apps sinn iech déi Nimm vläicht bekannt. Et handelt sech bei dësen Titelen ëm Online-Strategiespieler, déi bei Jonken enorm beléift sinn. Duerch hir speziell Spillmechanik an d‘Méiglechkeet, richteg Suen auszeginn, hunn se awer och Risiken.

De Prinzip ass einfach an al bekannt: De Spiller muss Ressourcen sammelen, eng Basis opbauen an eng Arméi forméieren, fir sech mat aneren Spiller bekrichen ze kënnen. Dat ganzt ass am Comicstil gehalen an huet awer och een Multiplayer-Aspekt. Et kann een sech mat anere Spiller zu engem Clan zesummendinn. Clans kämpfen géinteneen an hunn intern Reegelen, déi zum Beispill bestëmmen, wéi vill Ressourcen een Clanmember un de Clan ofginn muss. Doduerch entstinn sozial Verpflichtungen an och den Drock, zu bestëmmten Zäiten online sinn ze mussen oder esouguer Suen auszeginn, fir Ressourcen fir säi Clan ze sammelen. Och d‘Spillmechanik u sech, nämlech de Fait, datt Ressourcen muss manuell agesammelt ginn, suergen dofir, datt een dozou verleed ass, zu all Moment op den Handy ze kucken. Dat kann an der Famill oder mat Frënn zu Konflikter féieren, well déi natierlech net sou frou sinn, wann een andauernd op den eegenen Handy kuckt.

Eng aner Gefor ass d‘Kommunikatioun am Spill. Och wann déi meescht Leit am Chat frëndlech mateneen sinn an duerch de Clan och Frëndschaften an een positiivt Gemeinschaftsgefill entstinn, sou ginn et ëmmer schwaarz Schof. Speziell ginn et hei engersäits d‘Gefor vum Cybergrooming, also sexuell Belästegung vu Jugendlecher duerch Erwuessener, déi virginn, méi jonk ze sinn. An anersäits natierlech d‘Gefor vum Cybermobbing duerch Matspiller. An sou engem Fall keen een sech zum Beispill un d‘BEE SECURE Helpline mellen. Den gréissen Risiko bei den Echtzäit-Online-Strategiespiller ass awer, nieft der Gefor, se vill ze exzessiv ze spillen, d‘Gefor, ze vill Suen dofir auszeginn. Wéi bei ville Spiller ass et méiglech, Waardenzäiten ze iwwerbrécken, an deem s een mat richtegen Suen dofir bezilt. Et ass dobäi méiglech, zimlech séier den Iwwerbléck ze verléieren an vill Suen auszeginn. Dat gëllt net nëmmen fir Clash of Clans, mä och fir déi honnerten Clonen, déi dacks nom Prinzip „pay to win“, also „bezuel fir ze gewannen“ funktionéieren. Ween Angscht huet, ze vill Suen auszeginn, sollt keng Kreditkaart mat sengem Account verlinken, mä reng op Prepaid-Kaarten setzen. Sou ass de Risiko miniméiert an et kann een just souvill Suen ausgesinn, wéi een sech virgeholl huet.

Ween Kanner huet, déi exzessiv Online-Strategiespieler spillen, sollt onbedéngt een Gespréich iwwer Frequenz an Dauer féieren.

Weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet an de balancéierte Gebrauch vun Smartphones a Co. fannt dir op bee-secure.lu

Play

Quellen:

saferinternet.at iwwer Online-Strategiespiele

Leitfaden für Eltern von der Entwicklungsfirma Supercell

Mediennutzungsvertrag

Spieleratgeber NRW: Video iwwer Clash of Clans

Spieleratgeber NRW: Pädagogesch Bewertung Clash of Clans

Posted in gDossier | Comments Off on Opassen bei Online-Strategiespieler